Pallett vum Narmer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Palette vum Narmer)
D'Narmer Pallett

D'Pallett vum Narmer ass e wichtegen archeologesche Fond aus der Zäit vun 3100 bis 3000 v. Chr., mat e puer vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt.

De britteschen Archeolog James E. Quibell huet d'Pallett 1898 bäi Ausgruewungen zu Hierakonpolis, der virdynastescher Haaptstad vun Ueweregypten, nach vëlleg intakt fonnt. Haut kann een d'Pallett am Egyptesche Musée vu Kairo bewonneren.

Et handelt sech ëm eng rituell Schminkpallett vum egyptesche Kinnek Narmer, mat op zwou Säite Biller, déi d'Victoire vum Süden (Ueweregypten) iwwer den Norden (Ënneregypten) duerstelle sollen.

Um Verso: E Fallek, den Horus, representéiert de Süden, deen op Papyrus, engem Symbol fir den Norden, steet, an deen eng Landmass mat Mënschekapp un engem Seel hält, wat d'Gefaangenschaft vum Norde bedeit. Ganz grouss gesäit een de Kinnek, mat der wäisser Kroun vun Ueweregypten, deen e Knëppel iwwer engem Prisonéier schwéngt an iwwer zwéin aner Prisonéier steet, déi den niddergeschloene Feind symboliséiere sollen. Hanner dem Kinnek gesäit een en Dénger, dee seng Sandale dréit. Ganz uewe vun der Pallett, tëscht Biller vun der Kougëttin Hathor, fënnt een den Numm vum Kinnek, zesummegesat aus den Hieroglyphen nar (e Fësch) an mr (chisel).

Um Recto si ganz uewen erëm zweemol d'Hathor mat dertëscht dem Numm vum Narmer. Drënner ass den Narmer selwer, déi Kéier mat der rouder Kroun vun Ënneregypten. Hanner him ass en Dénger mat senge Sandelen, a virun him fënnef Leit, véier dovu mat enger Standart, an nach virdrun zéng Feinden ouni Kapp. Do drënner, an der Mëtt vun der Pallett, sinn zwéi Panther mat Schlaangenhäls, déi anenee verschlonge sinn: et kann een Uewer- an Ënneregypten net méi trennen. An der Mëtt ass eng ronn Ausbuchtung fir d'Schmink, déi gläichzäiteg och d'Sonnescheif symboliséiere soll. Ganz ënne gesäit een de Kinnek a Form vun engem Stéier, deen eng Stad op d'Haren hëlt an e Feind zertrëppelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pallett vum Narmer – Biller, Videoen oder Audiodateien