Op den Inhalt sprangen

Phoneetik

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Phonetik)
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Phoneetik ass d'Wëssenschaft vum Sproochschall an ënnersicht physikalesch Eegenschafte vum Sproochschall.

Et ënnerscheet een tëscht artikulatorescher, akustescher an auditiver Phoneetik:

  • D'Artikulatoresch Phoneetik beschreift d'Lautproduktioun duerch Aart an Uert vun der Lautbildung.
  • D'Akustesch Phoneetik beschäftegt sech mat der Dauer, Frequenz an Intensitéit vu Sproochlauter.
  • D'Auditiv Phoneetik ënnersicht d'Differenzéierung an d'Identifizéierung vu Lauter duerch d'Ouer an d'Gehier.

Phoneetik

D'Phoneetik ass eng Wëssenschaft, déi sech haaptsächlech mam Beschreiwen a mat der Klassifikatioun vun de Sproochlauter beschäftegt:

E Sproochlaut ass e physikalescht Element, dat een duerch d'Artikulatiounskanaler fir ze schwätze produzéiert.

Se beschäftegt sech mat deene Geräicher, déi de Mënsch a sengem Artikulatiounskanal produzéiert an déi fir ze schwätze benotzt ginn, also dat heescht net Néitsen, schmatzen, räpsen asw., mä schwätzen.

Wann ee schwätzt, geschitt dat heiten:

D'Otemloft kënnt aus dem Hals oder der Long a geet duerch d'Nues oder de Mond erëm eraus. Op deene verschiddene Plaze wou d'Loft optrëfft, beaflosse mir se duerch eisen Artikulatiounskanal (Lëppen, Zänn, Zänndamm, Gomm: haarden a mëllen, Gommseegel an d'Zäpfchen, d'Zong: Zongespëtzt, Zongekranz, Zongeréck, d'Pharynx, d'Glottis- déi bild d'Stëmm) sou, datt e Laut entsteet. D'Stëmm entsteet sou: D'Loft kënnt an de Keelkapp, an dem hu mir Stëmmleppen. De Rand deen d'Stëmmleppe bannen hunn, sinn d'Stëmmbänner. Duerch d'Loft beim Ausotme ginn déi Stëmmbänner a Schwéngung versat. Mir ënnerscheede stëmmhaft (mat Stëmm) a stëmmlass (ouni Stëmm) Lauter: - Bei dem éischte Fall ginn d'Bänner a Schwéngung versat, si ginn déi ganzen Zäit op an erëm zou. z. B. bei: „a, o, m, l, s“. - Bei dem aneren Fall, stréimt d'Loft einfach duerch d'Stëmmbänner erduerch, a versetzt se net a Schwéngung. z. B. bei: „p, t, k, f".

D'Phoneetik beschreift also, wéi d'Lauter ervirbruecht, iwwerdroen an wouergeholl ginn. An der Phoneetik gëtt et 3 Ënnerdisziplinen déi dat beschreiwen:

1) Disziplin vun der Produktioun vun de Sproochlauter – artikulatoresch Phoneetik:

Hei gëtt ënnersicht, wéi eng Persoun déi schwätzt, Lauter produzéiert, d. h. wéieng Organer ee wéi gebraucht fir e Laut ze produzéieren.

2) D'Iwwerdroe vun de Sproochlauter - akustesch Phoneetik:

D'Intensitéit, d'Dauer an d'Frequenz vun de Sproochlauter gëtt ënnersicht.

3) Wouerhuele vun de Sproochlauter: déi auditiv oder perzeptiv Phoneetik:

Et gëtt gekuckt wéi eng Persoun, déi d'Lauter héiert, déi akustesch Reizer verschafft. D'auditiv Phoneetik beschäftegt sech mat de physiologesche Prozesser, déi beim Héiere vun enger Ausso am Ouer oflafen.

Commons: Phoneetiken – Biller, Videoen oder Audiodateien