Rolltrap

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rulltrap)
Animatioun vu Rolltrapen, vun deenen eng erop an eng erof geet.

Eng Rolltrap oder Rulltrap ass eng Trap, bei där d'Träppleken aus eenzelen Elementer bestinn, déi an enger Schinn wéi eng Ketten uneneenhänken, an déi, duerch e Motor ugedriwwen, sech ronderëm e Rad un all Enn dréinen, sou datt se sech, jee nodeem, no uewen oder ënne beweegen.

Sou kënne Leit transportéiert ginn, ouni datt se selwer mussen trapop oder trapof goen. Um Ufank an um Enn vum Bord mam Buedem ass d'Rolltrap op ongeféier engem Meter horizontal, fir den Iwwergank op de feste Buedem méi liicht ze maachen.

Meeschtens hu Rolltrapen och en Handlaf, un deem ee sech upake kann, dee sech mat der selwechter Vitess wéi d'Träppleke beweegt.

Rolltrape komme virun allem a Gebaier mat vill Publikumsverkéier zum Asaz, wou net ze vill Stäck oder Héichtenënnerscheeder z'iwwerwanne sinn (Wéi z. B. Garen, Fluchhäfen, Akafszentren, ...). Si si méi lues wéi e Lift, kënnen dofir awer méi Leit mateneen transportéieren.