Société d'étude et de construction automobile
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) SECMA)
Société d'étude et de construction automobile | |
---|---|
Grënnungsdatum | 1995 |
Sëtz | Aniche |
Homepage | https://www.secma-performance.fr |
D'Société d'étude et de construction automobile, oder SECMA, ass eng kleng Autokonstruktiounsfirma zu Aniche am franséischen Departement Nord.
D'Fabréck, déi 1995 vum Daniel Renard gegrënnt gouf, huet sech op Spaass-Gefierer spezialiséiert.
Modeller
[änneren | Quelltext änneren]- Fun tech 340
- Fun Buggy
- 6 x 4
- Fun Extre'm
- Fun Runner
De Fun Runner
[änneren | Quelltext änneren]De "Fun Runner" gouf vum Constructeur als motoriséiert Dräirad virgestallt. E Véierzylindermotor vu Peugeot mat 1360 cm³ bitt bei 5.500 Touren an der Minutt eng Leeschtung vu 55 kW. Gedriwwe gëtt d'Gefier iwwer eng Ketten op déi hënnescht Duebelrieder. Déi viischt Pneuen hunn eng Gréisst vun 175/60-13, déi hënnescht 225/50-15. Spéitstens zanter 2009 ass en net méi am Handel a gouf vum méi staark motoriséierten F16 ersat.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Secma – Biller, Videoen oder Audiodateien |