Schabloun:Op engem 14. Mee
Ausgesinn
- 1316: De réimesch-däitsche Keeser a Kinnek vu Béimen Karel IV. gëtt gebuer.
- 1643: Doud vum Louis XIII., Kinnek vu Frankräich.
- 1727: Gebuert vum brittesche Moler Thomas Gainsborough.
- 1897: De kreolesche Saxofonist a Klarinettist Sidney Bechet kënnt op d'Welt a stierft och op engem 14. Mee (1959).
- 1944: Gebuert vum US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent George Lucas.
- 1948: Israel erkläert seng Onofhängegkeet, wat de Palestinakrich ausléist.
- 1955: De Warschauer Vertrag ("Warschauer Pakt") gëtt ënnerschriwwen.
- 1969: Déi australesch Schauspillerin Cate Blanchett gëtt gebuer.