Schabloun:Op engem 5. Juli
Ausgesinn
- 1687: Dem Isaac Newton seng Philosophiae Naturalis Principia Mathematica gëtt publizéiert.
- 1804: Gebuert vum apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg Jean-Théodore Laurent.
- 1833: Doud vum Fotografie-Pionéier Joseph Nicéphore Niépce.
- 1889: De franséische Schrëftsteller, Regisseur, Moler a Choreograph Jean Cocteau kënnt op d'Welt.
- 1932: De lëtzebuergesche Schauspiller Tun Deutsch gëtt gebuer.
- 1962: Algerien erkläert sech vu Frankräich onofhängeg.
- 1975: Cap Vert gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 1996: D'Schof Dolly, dat éischt gekloont Déier, gëtt a Schottland gebuer.