Schluecht vu Cambrai (1917)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Schluecht vu Cambrai 1917 am Éischte Weltkrich. Fir d'Schluecht vun 1918 kuckt wgl. Schluecht vu Cambrai (1918). |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Schluecht vu Cambrai op der Kaart | |
Datum | 20. November 1917 |
---|---|
Plaz | Cambrai a Frankräich |
Resultat | Ouni Resultat |
Kontrahenten | |
Däitschland | Groussbritannien |
Kommandanten | |
Georg von der Marwitz | Julian Byng |
Truppen op der Plaz | |
3 Arméikorpsen 8 Infanterie-Div. |
476 Tanksen 14 Geschwader Royal Flying Corps 7 Infanterie-Div. 3 Kavallerie-Div. |
Konflikt | |
Éischte Weltkrich |
D'Schluecht vu Cambrai am Éischte Weltkrich war déi éischt grouss Panzeroffensive an der Geschicht. Si huet den 20. November 1917, an der Noperschaft vum strateegesch wichtegen Eisebunnsknuet Cambrai a Frankräich ugefaangen.
Groussbritannien an Irland hu vun där Schluecht net nëmmen en Duerchbroch duerch déi däitsch Stellungen erwaart, mä hunn och vun där Offensive erhofft, duerch den Asaz vu Tankse kéint de Krich eng positiv Wendung zu Gonschte vun der dräifacher Entente (Triple entente) kréien. Méi wéi dräi Joer laang waren nämlech d'Fronte blockéiert a Millioune vun Zaldoten ware bei Frontalattacken, dacks ouni Sënn ausgeléist, ëmkomm. Aus dem Stellungskrich sollt et e Beweegungskrich ginn. Aus där Iwwerleeung eraus gouf d'Schluecht vu Cambrai geplangt, gewëssermossen als Optakt, fir mat Hëllef vum neien Alliéierten, den USA, a mat neien Techniken dat däitscht Keeserräich ze bezwéngen.
An der Schluecht sinn am Ganze 95.000 Zaldoten ëmkomm, verwonnt ginn, oder koumen a Gefaangenschaft. D'Schluecht ass de 7. Dezember 1917 op en Enn gaangen, ouni datt se fir eng Partei e gréisseren Erfolleg hat, oder datt se déi allgemeng Lag am Fong verännert hätt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Battle of Cambrai (1917) – Biller, Videoen oder Audiodateien |