Op den Inhalt sprangen

Komiker

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stand-Up-Komiker)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De franséische Komiker Guy Bedos.

E Komiker (deels och Comedian) ass eng Persoun, déi probéiert aner Mënschen zum Laachen ze bréngen, zum Beispill duerch Sprooch, Musek, Mimik oder Kierpersprooch. Déi Persoun kann dat haaptberufflech oder als Hobby maachen.

Aner Begrëffer

[änneren | Quelltext änneren]
  • E Komiker an engem Zirkus gëtt Clown genannt. Anescht wéi e Komiker an enger Varietéshow oder op der Bün, schwätzen déi meescht Clownen am Zirkus net, mä sinn duerch hir Handlunge komesch;
  • e Kabarettist ass e Komiker, deen op eng humorvoll Aart a Weis politesch Botschafte presentéiert oder politesch oder sozial Evenementer kritiséiert;
  • e Stand-up-Komiker (oder Stand-up-Comedian) ass e Komiker dee sech direkt un d'Publikum riicht an am Kontakt an am Dialog mam Publikum agéiert. Hie kann Anekdoten erzielen (déi wouer sinn oder och net…), Observatiounen aus dem Alldag beschreiwen, asw. Fir datt e méi spontan eriwwerkënnt, trëtt de Stand-up-Komiker am Stoen op, dowéinst den Ausdrock stand-up. Dës Form fir eleng opzetriede gëtt als One-Man-Show / One-Women-Show bezeechent an ass um Enn vum 19. Joerhonnert a Cabareten a Frankräich an an den USA entstanen.
 Commons: Komiker – Biller, Videoen oder Audiodateien