Diskussioun:Dudeldorf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gebraucht ee fir dës Uertschaft eng Schabloun, fir déi däitsch Uertschaften, déi nach kommen oder wéi wat wou? Et wäerten der nach "jett" kommen. --Cornischong 21:50, 12 Jun 2005 (UTC)

Bis elo hu mer eng Schabloun fir lëtzebuergesch Uertschaften a Gemengen, eng fir Haaptstied an eng fir gréisser Stied (méi wéi 10.000 Awunner, mee dat ass relativ). Ech hu mer schonn iwwerluecht, fir kleng preisesch Uertschaften einfach d'Schabloun aus de de-wiki ze iwwerhuelen, fir datt och e Bot dat fäerdegbrénge kéint. Mee Basisdaten a Politik trennen ass net onbedingt noutwänneg, dat hu mer bei eisen anere Schabloune jo och net gemaach. --Otets 22:24, 12 Jun 2005 (UTC)

Béibrech wat?[Quelltext änneren]

Ech wier intresséiert drun, datt ee mär erkläre kann, datt dat "Béibrech" ass. Mär ass dee Begrëff total friem. Ech fannen et zimmlech abstrus fir Uertschaftsnimm ze gebrauchen, déi "kengem" bekannt sinn. Wann ech op google "Béibrech" aginn, da fannen ech 2 Referenzen: 1 vun der LUXwiki "Den Département des Forêts"-Artikel, an en afrikaans-Wiki-Artikel. Gesäit sech net gutt un! --Cornischong 23:58, 12 Jun 2005 (UTC)

Bis 1815 huet Bitburg zu Lëtzebuerg gehéiert. Do schéngt et mer normal, datt déi Stad dann och e lëtzebuergeschen Numm huet. Béibrech hat ech och nach ni héieren, bis datt se virun e puer Joer um Radio (dat misst bal den Alain Atten gewiescht sinn, mee e genaue Souvenir hunn ech net méi) eppes iwwert Béibrech a St Väith gesot hunn. "Ëtteng" fannen ech och just op der lb-wiki a "Wuelmereng" fannen ech iwwerhaapt néierends. Trotzdeem gëtt et déi Nimm fir dës Uertschaften, déi fréier eng Kéier zu Lëtzebuerg gehéiert hunn. A wann s de nach 20 Joer woarts, da weess och kee méi, wat "Diddenuewen" ass. Den Zuch fir Béibrech ass zwar schonn e gutt Stéck aus der Goar eraus, mee nach net definitiv fort. --Otets 00:39, 13 Jun 2005 (UTC)

Tjo, mee dat ka jo nach heiter ginn, wa mer lo solle mat Héieresoe gefiddert ginn. Den Afentheater hei mat "Wormer" ass mer duer gaang. "dat misst bal den Alain Atten gewiescht sinn", geet mär awer net duer, fir en Numm dee net opzefannen ass. Da waarde mer op Een, deen eppes Anescht virun e puer Joer op engem anere Sender héieren huet. Mer kéinten eis trotz Allem op eng geschriwwe Quell baséieren. Oder awer léiwer net? Wann ech "Affen" fir "Athus" iergenwouhi schreiwen, froen der sécher , ob ech se nach all hätt. (Iwwregens hunn ech de Numm Affen vu enger hlawer Dose Leit aus der Géigend). Ech waarden och op dee Nächsten, dee mam Henri Rinnen sengem Wierderbuch hei feelgeet. --Cornischong 01:20, 13 Jun 2005 (UTC)

Wann ech wéisst, wou ech eppes Geschriwwenes vum Alain Atten kréich, dann hätt ech mer dat scho besuergt. Esou woarden ech leider ëmmer nach qualvoll op e Literaturtipp. An der Tëschenzäit hunn ech just ee weidere fonnt, deen drop besteet, datt en net nëmme mengt, mee wéisst datt Bitburg op Lëtzebuergesch Béibrech ass.
Eng aner Saach, just well et bal d'selwescht kléngt: Bettborn ass zwar elo a Préizerdall opgaang, mee sooss huet dat Bieberech geheescht. --Otets 10:41, 13 Jun 2005 (UTC)

Elo net nëmme vum Héieresoen, mee schwoarz op wäiss: Text vum Léon Raths. Biberech oder Bibrech gëtt Béibrech. Dat dierft op d'mannst esou geleefeg si wéi Päinetsch. Fir déi déi anescht dofir soen ass och kee Problem, do kann ee sech jo mat engem Redirect hëllefen (och grad wéi bäi Päinetsch). Wa mer schonn en eegent Wuert fir eppes hunn, da brauche mer sécher net bei d'Preisen heeschen ze goe fir eent. --Otets 19:32, 13 Jun 2005 (UTC)

An déi Aner?[Quelltext änneren]

Hei ass eng kleng Lëscht mat den Uertschafte vum Landkrees Bitburg-Prüm. et géif mech interesséieren, watfir lëtzebuergesch Nimm déi Uertschaften hunn: Affler | Alsdorf | Altscheid | Ammeldingen an der Our | Ammeldingen bei Neuerburg | Arzfeld | Auw an der Kyll | Auw bei Prüm | Badem | Balesfeld | Bauler | Baustert | Beilingen | Berkoth | Berscheid | Bettingen | Bickendorf | Biersdorf am See | Biesdorf | Birtlingen | Bitburg | Bleialf | Bollendorf | Brandscheid | Brecht | Brimingen | Buchet | Büdesheim | Burbach | Burg | Dackscheid | Dahlem | Dahnen | Daleiden | Dasburg | Dauwelshausen | Dingdorf | Dockendorf | Dudeldorf | Echternacherbrück | Echtershausen | Ehlenz | Eilscheid | Eisenach | Emmelbaum | Enzen | Ernzen | Eschfeld | Esslingen | Etteldorf | Euscheid | Feilsdorf | Ferschweiler | Feuerscheid | Fischbach-Oberraden | Fleringen | Fließem | Geichlingen | Gemünd | Gentingen | Giesdorf | Gilzem | Gindorf | Gondenbrett | Gondorf | Gransdorf | Großkampenberg | Großlangenfeld | Habscheid | Halsdorf | Hamm | Hargarten | Harspelt | Heckhuscheid | Heilbach | Heilenbach | Heisdorf | Herbstmühle | Herforst | Hersdorf | Herzfeld | Hisel | Holsthum | Hommerdingen | Hosten | Hütten | Hütterscheid | Hüttingen an der Kyll | Hüttingen bei Lahr | Idenheim | Idesheim | Ingendorf | Irrel | Irrhausen | Jucken | Karlshausen | Kaschenbach | Keppeshausen | Kesfeld | Kickeshausen | Kinzenburg | Kleinlangenfeld | Körperich | Koxhausen | Krautscheid | Kruchten | Kyllburg | Kyllburgweiler | Lahr | Lambertsberg | Lascheid | Lasel | Lauperath | Leidenborn | Leimbach | Lichtenborn | Lierfeld | Ließem | Lünebach | Lützkampen | Malberg | Malbergweich | Manderscheid | Masthorn | Matzerath | Mauel | Meckel | Menningen | Merlscheid | Messerich | Mettendorf | Metterich | Minden | Mülbach | Mützenich | Muxerath | Nasingen | Nattenheim | Neidenbach | Neuendorf | Neuerburg | Neuheilenbach | Niedergeckler | Niederlauch | Niederpierscheid | Niederraden | Niederstedem | Niederweiler | Niederweis | Niehl | Nimshuscheid | Nimsreuland | Nusbaum | Obergeckler | Oberkail | Oberlascheid | Oberlauch | Oberpierscheid | Oberstedem | Oberweiler | Oberweis | Olmscheid | Olsdorf | Olzheim | Orenhofen | Orlenbach | Orsfeld | Peffingen | Philippsheim | Pickließem | Pintesfeld | Pittenbach | Plascheid | Plütscheid | Preischeid | Preist | Pronsfeld | Prüm | Prümzurlay | Reiff | Reipeldingen | Rittersdorf | Rodershausen | Röhl | Rommersheim | Roscheid | Roth an der Our | Roth bei Prüm | Sankt Thomas | Schankweiler | Scharfbillig | Scheitenkorb | Scheuern | Schleid | Schönecken | Schwirzheim | Seffern | Sefferweich | Seinsfeld | Seiwerath | Sellerich | Sengerich | Sevenig (Our) | Sevenig bei Neuerburg | Sinspelt | Spangdahlem | Speicher | Steinborn | Stockem | Strickscheid | Sülm | Trimport | Übereisenbach | Uppershausen | Usch | Utscheid | Üttfeld | Waldhof-Falkenstein | Wallendorf | Wallersheim | Watzerath | Wawern | Waxweiler | Weidingen | Weinsheim | Wettlingen | Wiersdorf | Wilsecker | Winringen | Winterscheid | Winterspelt | Wißmannsdorf | Wolsfeld | Zendscheid | Zweifelscheid. --Cornischong 08:34, 13 Jun 2005 (UTC)

Dasburg ass Doosber. D'Schreifweis misst nokontrolléierbar sinn, well en Deel vun Doosber (eng Tankstell an e fréiert Zollhaisschen) och zu Lëtzebuerg läit. Bäi deenen anere kann ech awer elo net direkt eppes aus dem Handgelenk rëselen. --Otets 10:41, 13 Jun 2005 (UTC)

Sandweiler huet och emol Santwilre geheescht. Mir soen trotzdem haut Sandweilerà. Bitburg ass jiddfer Mënsch gelééfeg, wa mir awer mussen en Dictionnaire schreiwen fir Duerfnimm erem ze fannen , dann hale mir op . Mir hu besseres ze dinn ewéi eis ërem stonnelang mat Uertsnimm ëremzeklappen. Een diem et elo duer geet. Johnny Chicago 13:34, 13 Jun 2005 (UTC)

"Mir hu besseres ze dinn ewéi eis ërem stonnelang mat Uertsnimm ëremzeklappen. Een diem et elo duer geet." Jo, et kann een dat esou kuerz faassen, --Cornischong 13:52, 13 Jun 2005 (UTC)

"Mir hu besseres ze dinn ewéi eis ërem stonnelang mat Uertsnimm ëremzeklappen. Een diem et elo duer geet." Deem kann ech mech ouni ze zécken uschléissen. --Otets 19:32, 13 Jun 2005 (UTC)