Tested on Animals
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Tested On Animals)
Tested on Animals | |
---|---|
De Cover vum zweeten "CD-R" | |
Studioalbum[*] vun Crash\Zendo | |
Erauskomm | 17. Februar 2006 |
Offiziell Websäiten | |
Tested on Animals ass den zweeten CD-R vum lëtzebuergeschen Techno-Electro Duo Crash\Zendo.
Lidderlëscht
[änneren | Quelltext änneren]- Merci - (4:42)
- A la recherche du son perdu - (10:33)
- Black Dots - (5:30)
- Something With Space - (7:38)
- Idiot Savon - (6:31)
- Casual Worship - (9:41)
- Necessity - (12:05)
Hannergrond
[änneren | Quelltext änneren]Tested on Animals ass an zwéin Nomëtteger opgeholl ginn. Am Géigesaz zu der viereger CD-R sinn op dëser méi a manner laang Stécker.
Den Opener Merci ass en autobiographescht Lidd iwwer d'Dreckskëschten aus dem Beetebuerger-Park, déi Merci soe wann een eppes a se rageheit.
A la recherche du son perdu krut säin Titel nodeem de MIDI-Keyboard verstallt war a Crash\Zendo hu missen nom Originalklang sichen.
Idiot Savon ass eng Wuertspillerei.
Necessity huet Sprooch-Samples vum Jacques Derrida, dem Grënner vun der Dekonstruktioun.
D'CD gouf op der Archive.org Hosting Säit 756-mol (Stand: November 2011) erofgelueden.