Op den Inhalt sprangen

Schrauwenzéier

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tournevis)
E Schlitzschrauwenzéier.
Schema mat den ënnerschiddleche Käpp vu Schrauwen, fir déi et all e passenden Tournevis gëtt.

E Schrauwenzéier oder Tournevis ass en Handwierksgeschier, dat gebraucht gëtt fir Schrauwen an, respektiv aus Objeten oder Flächen eran- oder erauszedréien.

En typesche Schrauwenzéier besteet aus engem Grëff un deem eng dënn, stabil Verlängerung ubruecht ass. Si ass generell aus Metall. D'Spëtzt vun där Verlängerung gëtt an de Profil um Kapp vun der Schrauf gedréckt, esou datt den Tournevis an d'Schrauf matenee verankert sinn. D'Persoun, déi de Schrauwenzéier hält, dréint deen no riets, fir d'Schrauf eranzedréinen, oder no lénks, fir d'Schrauf erauszedréinen.[1]

Et gëtt ënnerschiddlech Profiller am Kapp vun de Schrauwen. Dofir gëtt et och genee souvill Schrauwenzéierzorten. Geleefeg sinn ënner anerem de Schlitzschrauwenzéier (a Form vun engem Minus-Zeechen), de Kräizschlitzschrauwenzéier (a Form vun engem Kräiz oder Plus-Zeechen), an den Torx-Schrauwenzéier (a Form vun engem sechsstralege Stär).[2]

Et gëtt och Maschinnen, déi d'Funktioun vun engem Tournevis iwwerhuelen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. rosentaler-schrauben.de: In welche Richtung dreht man Schrauben auf? (6. Juni 2024)
  2. wiesemann1893.com: Welche Schraubendreher gibt es? Arten & Verwendung (11. Februar 2022)