Uniform Resource Identifier

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) URI)

Een Uniform Resource Identifier (URI) ass eng Zeecheketten, déi eng Ressource am Internet identifizéiere kann.

Fir datt all méiglech Informatiounsressource am Internet uspriechbar ass an zu all Zäitpunkt op Ressourcë vun engem neien Informatiounsservice zougegraff ka ginn, setzt sech eng URI grondsätzlech aus zwéin Deeler zesummen. E Prefix (Schema) spezifizéiert de Service oder Protokoll, deen déi gewënscht Ressource zur Verfügung stellt an e Suffix (schemaspezifizéierten Deel) kennzeechent d'Lag an d'Identifikatioun vun der Ressource.

Et ënnerscheet een tëscht:

  • Uniform Resource Locator (URL): spezifizéiert eng Plaz oder Adress, wou déi gewënscht Ressource am Netz ze fannen ass.
  • Uniform Resource Name (URN): erméiglecht eng Identifikatioun vun enger Ressource iwwer en Numm. URNe ginn zur Zäit nach net ënnerstëtzt. Hire Standard ass zanter Joren nach ëmmer an der Entwécklung.