Umar al-Baschir

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Umar Hasan Ahmad al-Baschir)
Umar al-Baschir
Gebuer 1. Januar 1944
Nationalitéit Sudan
Educatioun Egyptesch Militärakademie
Aktivitéit Politiker

Den Umar Hasan Ahmad al-Baschir (Arabesch: عمر حسن أحمد البشير), gebuer (offiziell den 1. Januar) 1944 zu Hosh Bannaga bei Schandi, am Sudan, ass e fréiere Militär; hie war vun 1993 bis 2019 de Staatspresident vum Sudan.

1989 ass hien no engem onbluddege Militärputsch un d'Muecht komm a regéiert zënterhir d'Land no islamesch-fundamentalistesche Prinzipien.

Wéi e bis un der Spëtzt vum Land war, huet en de Revolutionäre Kommandorot fir d'Errettung vun der Natioun (RCC) gegrënnt an e strengt islamescht Regime agefouert. Géint de Süde vum Land, wou d'Leit éischter chrëschtlech oder animistesch waren, huet hie gekämpft, eréischt 2005 koum et mat der Ofspléckung vumm Südsudan zu enger (provisorescher) Léisung.

D'Cour pénale internationale zu Den Haag hat en Haftbefehl géint den al-Baschir (an domat fir d'éischt géint e Staatschef a Fonctioun) wéinst Genozid, Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a Krichsverbriechen am Darfur-Konflikt erausginn. huet awer am Dezember 2014 d'Enquête, well se kaum Chance op Succès hat, nees agestallt.[1]

Am Abrëll 2019 hu Manifestatiouner géint hien zougeholl; dopropshin huet d'Militär hie fir ofgesat erkläert.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Umar al-Baschir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sieg über die Weltjustiz. Süddeutsche Zeitung, 15. Dezember 2014
  2. "Sudans Militär stürzt Staatschef Baschir." spiegel.de, 2019-04-11.