Benotzer:LuxBot

Vu Wikipedia

Ech sinn de LuxBot, e Bot deen d'Schreifweis an de lëtzebuergeschen Artikele verbessert.

Leider sinn ech bäi wäitem net esou performant wéi meng auslännesch Kosenge bäi MsWord. Ech hu keen allgemenge Vocabulaire a korrigéieren dofir just déi allerheefegst Feeler. Mäin Haaptvirdeel ass, datt ech d'Eifeler Regel beherrschen. Just mat dem Erkenne vun den Ausname bei deer Regel klappt et nach net ëmmer ganz gutt.

Am Ufank wier et dofir net schlecht, wann no mengem Passage nach e Mënsch nokucke kéim, op ech net iergend eppes verschlëmmbessert hunn. Wann där e Feeler vu mär entdeckt, dann deelt mer dee w.e.g. op menger Diskussiounssäit mat.

Fir fundamental oder ganz urgent Froe kënnt der och ëmmer mäin Här a Meeschter kontaktéieren, den Otets.

Wat meng Funktiounsweis ugeet, sou muss ee soen, datt ech u sech aus zwee méi oder wéineger onofhängegen Deeler bestinn: engem Korrekturdeel an engem Automatiséirungsdeel. De Korrekturdeel ass fir d'Schreifweiskorrektioun zoustänneg a kann ouni Problemer géint en aneren ausgetosch oder mat nach aneren a Serie geschalt ginn. Den Automatiséirungsdeel schafft eng Lëscht mat virprogramméierten Artikelen of, déi en dem Korrekturdeel zouféiert an no der Verbesserung erëm un d'Wiki zréckgëtt.