Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/August

Vu Wikipedia

Linken déi nët (méi) funktionnéieren[Quelltext änneren]

Moien,

Vun engem deen sech op engem ganz neien Terrain beweegt, an op d'Gefor hin eng Fro ze stellen déi villäicht schonn emol iergendwou beäntwert gouf: Wann ech op enger Säit e Link op eng Websäit déi nët méi ze bestoe schéngt fannen, soll ech deen dann einfach ewech maachen?

Sou zum Beispill hei: Lëtzebuergesch Projet Moien!

Myriam 14:53, 4 August 2005 (UTC)

Kuckt och: Déi däitsch Wikipedia, wéi se 5183 Artikelen hat[Quelltext änneren]

Hei (http://web.archive.org/web/20020921204942/de.wikipedia.org/) kann ee gesinn, wat déi sou vun Artikelen haten. --Cornischong 22:58, 9 August 2005 (UTC)

Kuckt och: Artikel pro Bevëlkerung[Quelltext änneren]

Op der de-wiki hu se eng Lëscht vun de produktivste Wikien, gerechent op d'Artikele pro Kapp (vun de Spriecher vun der Sprooch). Do gesäit een datt mer eis guer net schlecht schloen, well mär sinn d'Nummer 6 op der Welt. Déi grouss an absoluten Zuele fënnt een dogéint just am Mëttelfeld: de-wiki op Nummer 26, fr-wiki op 30 an en-wiki op 31). Hei de Link: Artikel pro Bevëlkerung.
--Otets 14:34, 11 August 2005 (UTC)

Ganz interessant. Wann hei jiddfereen zwéin Artikeln am Dag géif leeën, wiere mer déi schéinst; oder esou. --Cornischong 15:34, 11 August 2005 (UTC)

An eist Pornographie-Portal ?[Quelltext änneren]

Bannent engem Mount hunn zwou vun deene gréisste Wikipediaen e "Pornographie"-Portal ageriicht, déi engleschsproocheg an déi franséischsproocheg. Verwonnerlech ass et schonns, datt eis transmuselanesch Frënn net mat derbäi sinn. A mär hunn eis ëmmer d'Fro gestallt, wéi mer kënne Reklamm maachen ..... --Cornischong 16:48, 12 August 2005 (UTC)

Am Artikel "Sex" sinn nach all Linke rout. Schaff mol do drunner, well soss gëtt däi Portal och just rout, wéi de Milieu ;-) --Otets 17:34, 12 August 2005 (UTC)

Alles GFDL oder "en alen Dreck"??[Quelltext änneren]

"D'GNU Free Documentation License (Kuerzform: GFDL oder GNU-FDL) ass eng Lizenz, deer hiren Text vun der Free Software Foundation ausgeschafft ginn ass. Dës Lizenz huet als Ziel, d'Verbreedung vu fräiem Contenu ze ënnerstëtzen. D'Texter op Wikipedia ginn ënnert der GFDL veröffentlecht.

Opgepasst: fräie Contenu ass keen Domaine public.

Et kann een also net mat engem Wierk ënnert GFDL alles maachen, wat ee wëllt. Et kann een esou e Wierk zwar fräi benotzen an och fräi veränneren, mee all dat just ënnert der Conditioun, datt d'Wierk, esouguer ënnert senger verännerter Form, ëmmer nach ënnert der GFDL bleift.

Dofir muss ee bäi all Reproduktioun oder Representatioun vun engem Wierk ënnert GFDL däitlech uginn, datt dat Wierk, esouguer ënnert senger verännerter Form, ënnert der GFDL steet, an et muss een dann och den integralen engleschen Original-Text vun der GFDL derbäisetzen." --

Hunn ech dat richteg verstanen? Bei all Bild, Foto, dat een an d'Wikipedia setzt muss den "integralen engleschen Original-Text vun der GFDL" derbäigesat ginn!!? Ass dat eescht?? Firwat ech dat Thema hei opwiermen: An der franséischer Wikipedia gräift eng nei Moud ëm sech: "Aus der lëtezbuerger Wikipedia geholl" steeet bei de Fotoen, déi ouni Gedeessems ouni Numm vum Auteur (!!!) mat Indikatiounen wéi "Domaine Public" do presentéiert ginn. (Kuckt den Artikel iwwer Réimech an der fr!!). Wat maache mer an deene Fäll?? --Cornischong 09:28, 21 August 2005 (UTC)

"Bei all Bild, Foto, dat een an d'Wikipedia [ënnert GFDL] setzt muss den integralen engleschen Original-Text vun der GFDL derbäigesat ginn!!" Dat ass eescht. Vu datt deen integralen Text awer schonn iergendwou op der Wiki ass, geet e Link dorobber duer (mee e Link muss scho sinn). Wa verschidde Leit sech net drun halen, da maach op der betraffener Wiki eng Läschungsdemande, ersetz d'Bild duerch e Plakat wat seet datt d'Billerrechter ganz evident violéiert goufen, beschwéier dech bäi engem Admin oder maach eng Plainte bäi der Police. Nach eng Kéier: dat ass eescht! --Otets 21:50, 21 August 2005 (UTC)

Sorry, i don't speak the language of this Wikipedia. However i would like to inform you that the Article The Flowers Of Romance is an hoax, see [1] and commons:Commons:Village_pump#Hoax Article in 57 languages -- de:Benutzer:Kju 19:04, 29 August 2005 (UTC)

TFOR I as well ass TFOR II are surely totally unknown bands (except for the latter in Latvia), but not a hoax. --Otets 19:20, 29 August 2005 (UTC)

TFOR I is not a hoax, right. The newer one very likely is. For example the different language versions all contain different lies and facts which can be proven untrue. There is also a page about the frontman of TFOR2 (see en:Tony Blackplait) which contains only fabricated movie and book references (none of the books and movies list do exist). The truth level of TFOR II is the same. The article has been deleted in most languages now or been reduced to the (true) TFOR I part. -- de:Benutzer:Kju 22:30, 29 August 2005 (UTC)

The TFOR II story contained lies, sure (in our article we wiped out all those which we discovered). But imho these lies were only to promote the band (not a very honest way to proceed, I admit), but do not concern the existence of TFOR II as a band or at least as a project (with more or less varying artists, e.g. Blackplait's daughter is listed in the CD booklet, although she is not an official band member). I did not check all movies on the list, but Hysteria definitely exists, even in the IMDb (Blackplait claims having contributed only one single song, so it is normal that his name does not figure there). With a confessing anarchist like Blackplait it is difficult to separate the truth from the lies, but I believe that if we chase away the big smoke there will be at least a small fire - and that's what our article should reflect. If you want, we might discuss together point by point what is a proven lie and what a fact. --Otets 11:16, 30 August 2005 (UTC)