Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Dezember

Vu Wikipedia

Systematik vun de Kategorien[Quelltext änneren]

Eng Fro[Quelltext änneren]

Firwat hu mer elo op eng Kéier eng Category Uert (Däitschland) ?

So vill ech mech kann erënneren haten mer viru kuerzem eng Diskussioun bei déer décidéiert war ginn, fir op et Dierfer oder Stied wiren, an dat am Ausland, nëmmen eng Category ze huelen an zwar Uertschaft (Dàitschland) asw... An deem Sënn haten den Otets an ech och schons Ännerunge bei verschiddenen Uertschaften virgeholl. Johnny Chicago 23:59, 29 November 2005 (UTC)

No Reklamatiounen aus Bad Münster am Stein-Ebernburg wunnen déi Leit nees an enger Uerschaft. ~--Cornischong 00:46, 30 November 2005 (UTC)

Dat mat deem "Uert (Däitschland)" muss e Feeler gewiescht sinn, well et ass definitiv "Uertschaft (Däitschland)" fir alles, sief et Dierfer, Stied, Gemengen oder esou. Just eent: am Moment ass Däitschland dat eenzegt Land, wou mer et schonn esou maachen, déi aner leien nach bäi Stied, Gemengen oder wat weess ech. Dofir wollt ech proposéieren, als éischt emol déi preisesch Uertschaften all an d'Rei ze bréngen, ier mer déi ronn 30-40 Kategorië vun all deenen anere Länner verbessere ginn. --Otets 07:04, 30 November 2005 (UTC)

>Ouni wëlle Mécken ze péilen; Mat Dierfer a Stied kann ech d'accord sinn, mee Gemengen als Uertschaften ze tässelen, dat geet an d'A. E gudde Batz Gemengen hunn "Uertschaften" ëm sech kludderen, déi mer dann net méi an en Dëppche kréien. Wat mengt de Kadaster? --Cornischong 09:56, 30 November 2005 (UTC)
An iwwerhaapt: Mer kréie mat der "Gemengesaach" nach vill Gedeessems: Huele mer d'Beispill "Aix-en-Provence". D'Fransouse (Wiki) verkafen dat als Gemeng (wat stëmmt), d'en an de handelen dat als Stad (wat och stëmmt. et geet wéi mat eisen Uertschaften, déi ënner Ëmstänn OCH Gemengen, Kantonalhaaptuerten an esouguer Distrikte (z.B. Dikrech) kënne sinn. Lo wier de Moment, fir dat ee fir allemol ze tässelen. --Cornischong 10:12, 30 November 2005 (UTC)

Salu

E Virschlag!! kënnte mer éis net op den einfachste Nenner eenegen:

Eng Stad ass och eng Uertschaft

Eng Gemeng besteet dachs aus méi Uertschaften, si huet esouguer heiansdo emol keng Uertschaft mat deem Num (z.B.Kiischpelt)

Wéi wier et wa mer einfach géifen 2 Category (en) machen:

Category: Uertschaft (Land)

a Category : Gemeng (Land)

Johnny Chicago 10:20, 30 November 2005 (UTC)

Dat liest sech gutt, mee...: "Aix-en-Provence ass (wéi sou vill) eng Stad AN eng Gemeng. Ech weess, dat hu mer schonns bei de lëtzebuergesche Gemenge-Stied. Déi "Léisung" ass onglàcklech genuch. Wat seet d'Vollek? --Cornischong 10:31, 30 November 2005 (UTC)
ech stëmmen dem Johnny Chicago zou, da muss ee just drun denken verschidden Anträg an 2 Kat ze setzen; just wat äntwere mer dem de seet "verschidde gréisser Stied bestinn aus ville Gemengen"? --Marcus 10:35, 30 November 2005 (UTC)
o mei! --Cornischong 11:00, 30 November 2005 (UTC)

Da bleiwt eis just d'Léisung vu Lëtzebuerg an nach d'Category : Stad (Land) nach derbäi ze maachen Johnny Chicago 11:18, 30 November 2005 (UTC)

Am konsequenteste wier et effektiv, dräi Zorte Kategorië fir all Land opzemaachen (Stad, Gemeng, Uertschaft) an dann an de betraffenen Artikelen 1, 2 oder 3 Kategorien hinzesetzen. Vu datt mer dee System awer net emol zu Lëtzebuerg konsequent duerchgesat hunn, wu mer wéinstens sécher sinn op eppes eng Stad, Gemeng oder just Duerf ass (am Ausland gëtt et dacks Widderspréch), wollt ech dat bäi den zingdausenden Artikelen déi mer fir Däitschland ze erwoarden hunn net widderhuelen, an hunn do alles iwwert ee Leescht gezunn: och Köln a München si just als "Uertschaft (Däitschland)" ze kennzeechnen. --Otets 13:01, 30 November 2005 (UTC)

Beim "Vico del Gargano"-Artikel stoung d'Kategorie "Uertschaft (Italien)" dat gouf dann elo verbessert op "Stad (Italien)" (Kuckt och emol d'Diskussiounssäit vun "Nahe (Floss)". Mee hu mär se nach all!!???? --Cornischong

Een nom aneren, sot de Mëller, do huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht. Den Uertschaftssystem ass nei, de Stiedsystem ass al. Bis elo sinn déi zwéin net ënnertenee gemëscht (wat wéineg Sënn géif maachen) an esou soll et och bleiwen. Wee fir e Land deen neie System aféiere wëll kann a soll dat roueg maachen, mee dann net just fir een eenzegen neien Artikel, mee fir all déi betraffen Artikele vun deem Land. Mësche vun zwéi Systemer géif nach méi Konfusioun ervirruffen, dofir soll deen den Ufank mécht och (fir dat Land) weiderfueren, oder nach bäim ale System bleiwe bis datt en Zäit dofir huet. --Otets 14:55, 30 November 2005 (UTC)

Virschlag[Quelltext änneren]

Wéi ass et mat:

  • Uertschaft (Land)
  • Gemeng (Land)
  • Stad (Land) an am Fall, wou z.B. eng Uertschaft OCH Gemeng ass, kommen déi zwou Kat. dohin
  • Bréck (Land)
  • Reléist Gebai (Land)
  • Bierg (Land)
  • Floss (Land)
  • Politiker (Land)
  • Waasserfall (Land) ?

Wann ech mech drunhale mat de Kategorien, dann ass et sécher net, well dat mär sou gutt gefält (et ass vilméi genee de Géigendeel!!!!), mee well ech dat mol endlech gär vum Dësch hätt. Hoffentlech geet et jidderengem esou op de Geescht, datt mer et séier iwwer d'Bühn schleefen. A wa mer schonns bei deem faszinanten Thema sinn, da wëll ech nach eppes kläre loossen. Wéi maache mer dat mat der Eenzuel an der Méizuel an de Kategorien? Mär hu bis elo eng "gesond Mëschung". An dann hale mer och eng "Minutt Rou" fir all déi Nei, déi dat villäicht léiwer am "mode d'emploi" hunn. --Cornischong 15:56, 30 November 2005 (UTC)


Dat kënnt mir alles elo komesch fir. Ech hat geduecht mir hätten eis op d'Mehrzahl vun de Kategorien geenegt. Da wier et jo eigentlech däitsch Stied, belsch Gemengen, franséich Flëss.....asw oder nët? --Alexandra 16:06, 30 November 2005 (UTC) Esou steet et jo och ëmmer an de Beschreiwungen vun den Kategorien: .....op dëser Säit fannt dir all Artikelen iwwert däitsch Stied...... asw--Alexandra 16:09, 30 November 2005 (UTC)

Mär hunn eis effektiv op d'Méizuel an den Artikele gëeenegt gehat, an och op d'Struktur "Däitsch Waasserfäll". Dat mam "Uertschaft (Däitschland)" ass eng Ausnam, déi duerchgesat gouf (hei uewen driwwer misst déi Diskussioun nach stoen), well mer soss all eis lëtzebuergesch Uertschaftsartikelen ännere missten. Dat kéint een zwar och e Bot maache loossen, mee bon, esouvill dozou.
Wee Stied-, Gemengen- an Uertschaftskategorië zesummen opliewe loosse wëll, dee fënnt nach am séiersten Unhänger, wann e sech nach haut den Owend drumécht, eis lëtzebuergesch Artikele konsequent no deem Schema ze kategoriséiren (et dierfte just 118 Ännerungen ze maache sinn), a mär zouseet, all déi 12.336 preisesch Gemengenartikelen an déi 40.000 spuenesch Stied an Dierfer all eenzel genee ënnert d'Lupp ze huelen (en Diplom a spueneschem Droit public ass e Virdeel).
--Otets 17:40, 30 November 2005 (UTC)

Well ech anscheinend guer näischt begraff hunn, waarden ech bis datt eng Entscheedung getraff gouf. Ech passe mech gären all Decisioun un. --Cornischong 19:14, 30 November 2005 (UTC)

Du brauchs net extra ze woarden, et steet schonn alles hei uewen driwwer. U sech ass et scho laang esou Praxis, also guer näicht Neits - ausser elo bäi de Gemengen, mee genee dat ass jo grad keen Dogma, virausgesat et gëtt genuch Volontären, déi bäi engem méi komplexe System matmaache wëlle wéi deen, deen ech virgschloen hat. --Otets 21:46, 30 November 2005 (UTC)

Konsens a Schlusswuert[Quelltext änneren]

  1. An de Kategorië gëtt d'Méizuel gebraucht (z.B. "Flëss" an net "Floss").
  2. Esoulaang just e Grapp voll Artikelen an enger Kategorie sinn, muss déi Kategorie net vun Ufank un de Länner oder der Schunggréisst no ënneragedeelt sinn (z.B. muss ee wéinst engem eenzegen Artikel iwwer Bern net direkt eng nei Kategorie "Stad Bern" opmaachen, mee vun enger gudder Dosen un oder esou mécht dat scho Sënn).
  3. Wann eng Kategorie de Länner no ënneragedeelt gëtt, da gebrauche mer en Adjektiv zesumme mat der Méizuel (z.B. "Däitsch Flëss" an net "Flëss (Däitschland)").
  4. Zu Lëtzebuerg sinn eis Häipe kategorisiéiert no "Lëtzebuerger Uertschaften", "Lëtzebuerger Gemengen" a "Lëtzebuerger Stied" (z.B. fält d'Stad Lëtzebuerg gläich an all dräi Kategorien).
  5. All net-lëtzebuergesch Häipe stinn am Genoss vun engem méi einfache System: "Xxxxx Uertschaften" an "Xxxxx Groussstied". Eng Groussstad ass eng Stad mat op d'mannst 250.000 Awunner, woubäi déi doten Zuel keen Dogma ass, mee je no Land no uewen oder no ënne korrigéiert ka ginn ("grouss" huet jo net an all Land genee déi selwecht Bedeitung). All Groussstad ass och gläichzäiteg eng Uertschaft. Groussstied hunn iwregends hir eege Groussstadkëscht a soss gréisser Uertschaften hir och (mee leider am Ament nach net an Templateform).
  6. Wa mer Kategorien iwwer Lëtzebuerg hunn, da gebrauche mer, wann nëmme méiglech, d'Adjektiv "Lëtzebuerger" an net "Lëtzebuergesch".

--Otets 02:15, 1 Dezember 2005 (UTC)

Kloer an däitlech. Merci. --Cornischong 01:29, 1 Dezember 2005 (UTC)

Ok, dat kléngt gudd. Just eng Fro, wat ass Häipe ?? --Alexandra 09:14, 1 Dezember 2005 (UTC)

Eng Häip huet e puer Bedeitungen: 1) e klengt Haus 2) e Beiekuerf 3)en "aarséilege" Mënsch 4) als Diminutiv "eng Häipchen": e Bett. Ech huelen un, datt et hei ëm Beiekierf geet :-) --Cornischong 09:33, 1 Dezember 2005 (UTC)
Endlech eng kloer Linn. Tip-Top esou. Johnny Chicago 10:08, 1 Dezember 2005 (UTC)

Letzebuergescht Wuert gesicht[Quelltext änneren]

Moien alleguer...

ech sin momentan dobäi, eng selleg artikelen iwwer schaltungen a baudeeler aus der Elektronik ze preparéieren. Am däitschen (wéi och am engleschen) hun déi awer heiandso déi komeschst Nimm, wou ech villeicht Hellef bräicht, fir dofir e letzebuergeschen ze fannen. en éischt beispill:

  • Gabelschaltung (Guewelschaltung oder Forschett-Schaltung klengt jo net wierklech gudd ;o))

merci am viraus --JimHawk 05:36, 2 Dezember 2005 (UTC)

Moien. Där ka gehollef ginn. Beim Vëlo heescht dat "Gafel", bei zwéin Äscht an engem Bam heescht et "Gafel" a bei engem "gabelähnliches Gerät, Maschinenteil (Lux.Wörterbuch)" also eppes wéi en "Y" heescht et och "Gafel", also "Gafelschaltung". Gär geschitt. --Cornischong 10:35, 2 Dezember 2005 (UTC)

Dat ass gutt ze wëssen, da kann d'Gafelschwanzséikou elo endlech hire richtegen Numm kréien. --Otets 12:58, 2 Dezember 2005 (UTC)

Eis Zukunft läit nach virun eis[Quelltext änneren]

Esou kann et goen, et stellt ee sech ëmmer déi falsch Froen. Aplaz Diskussiounen ze féiere wéi wäit mer eis Joreszuelenartikelen an d'Vergaangenheet dreiwe sollen (De Konsens läit bäi -1000), hätte mer eis éischter Gedanken ëm eis Zukunft maache sollen. Well do sinn net nëmmen e Grapp voll Wikien aktiv: Beispill vun der en-wiki. --Otets 15:33, 2 Dezember 2005 (UTC)

Maach eis elo net Angscht. Datt den Avenir an der Zukunft, hat ech schonns matkritt. Mee datt den 2. September 2197 Spica vun der Venus verdonkelt gëtt; do leeft et engem jo kal de Réck erof. --Cornischong 20:43, 2 Dezember 2005 (UTC)

Interessant Statistik[Quelltext änneren]

Hei hunn ech een interessante Link iwwert eis Wiki-Statistike fond: [1] --Tomateus 10:26, 3 Dezember 2005 (UTC)

Sou kënnt alles un der Dag. :-) --Cornischong 14:37, 3 Dezember 2005 (UTC)

GFDL, Commons an déi veraarschte Fotografen[Quelltext änneren]

En hëllefsbereete "Benotzer" vun der däitscher Wikipedia huet eng Foto vum Johnny Chicago op d'Commons gesat an dem Fotograf Bescheed gesot. Dat liest dech alles ganz seriö. (Anerer haten eng Foto "geholl" an iwwerhaapt näischt gesot). Mee: Bei der Foto op de Commons steet wien déi eropgesat huet, mee keen Numm vun Fotograf. Op Nofro änwert mer dee Benotzer "Nein, den Namen habe ich bisher (sic!!!!!) nicht eingetragen. Darum hab ich auch den Fotograf angesprochen, damit er das noch ergänzen kann. Gruß, --Tolanor" - Dat ass awer eng kleng léif Ligen, well deen hat dem Johnny Chicago gescchriwwen "Maybe you can add some information (sic!!!) at the commons-description-page and then remove the picture from your wikipedia so that it isn't doubled". Keng Ried doriwwer datt den Numm feelt.
Wat kënne mär mat deene Leitgeheiere maachen, deenen et ze domm ass den Numm vum Fotograf an hirer Wiki oder (besonnesch) op Commons ze setzen. Ass et elo esou wäit, datt jiddereen dee Wäert op d'Anhale vun der GFDL leet, all Dag op de Commons nokucke muss, fir erauszefannen, datt iergend en Hary dat Ganzt voll$&4£? --Cornischong 16:05, 4 Dezember 2005 (UTC)

Hello, I didn't understand all of what you wrote, but I did understand that it was directed at me somehow. If you think I made a mistake, you can tell me that on my talk, you don't have to comment it here, where I probably won't find it. That's quite rude. But anyway, I don't see the problem: I let a comment on Johnny's talk and I thought that he might take a note of that and would really look at it. But ok, it seems I was wrong. I didn't know whether Johnny has a Commons-account so that he could underwrite it with Taken by User:Johnny Chicago and not with Taken by lb:User:Johnny Chicago. The next time I will do better. Greets, --Tolanor 22:18, 16 Dezember 2005 (UTC)
PS: You won't have any problem with „veraarschte Fotografen“, if you upload your images directly at Commons. --Tolanor 22:37, 16 Dezember 2005 (UTC)
The expression "verarschte Fotografen" relates to the photographers who had been had (verarscht = who were taken to a ride) by someone who "took" a photograph to Commons and did not even take care to mention the photographer's name! Apart from translating the sentence the wrong way roud, you are perfectly right in letting us upload "our" images by ourselves and minding you rown business. Thanking you in anticipation. We are going to take care of our images on our own. An e schéine Weekend. --Cornischong 23:06, 16 Dezember 2005 (UTC)
It's kind of egoistic to upload all images only at your wikipedia and then to become rude if someone upload them at Commons - why don't you simply upload them directly at commons? In that special case I needed the photo for our article in german wp and so I uploaded it at commons. In fact, I did care whether the photographer's name is mentioned - so I told Johnny at his talk. --Tolanor 12:39, 17 Dezember 2005 (UTC)

IPen un der Léngt ?![Quelltext änneren]

Den Här Jimbo Wales mécht sech Gedanken, wéi et wier, wann net all Dabo ënner enger IP dierft en Artikel opmaachen ( http://mail.wikipedia.org/pipermail/wikien-l/2005-December/033880.html ). An en huet haut an der en-Wiki en Experiment lancéiert. --Cornischong 19:59, 5 Dezember 2005 (UTC)

en Artikel dozou am Spiegel hei --Marcus 11:46, 6 Dezember 2005 (UTC)
An der "Welt" [2] an am éisträichesche "Standard" [3]. Da muss e Skandal dem Jimbo schonn op de Kalzong réckelen, ier deen eppes ännert, mengt de --Cornischong 12:03, 6 Dezember 2005 (UTC)
An nach: Et geet nëmmen ëm déi engleschsproocheg (bis elo). Mär däerfen eis nach mat "anonymen" Toperten erëmbalegen. --Cornischong 12:09, 6 Dezember 2005 (UTC)

Jo, fort mat deenen. Den Jimbo mengt nämlech, datt mer duerch d'Registréirungsverflichtung och nach en anere Problem vun der Wiki andämme kéinten: d'Flut vun den neien Artikelen op der lb-wiki kéinte mer da vun e puer dausend den Dag op 1.500 pro Dag reduzéieren. Da wäerte mer eisen 100.000sten Artikel zwar eréischt ufanks Februar kréien, mee ech mengen, dat ass et wäert. --Otets 12:23, 6 Dezember 2005 (UTC)

Den Jimbo wëll elo e Schrack méi wäit goen: eng "fäerdeg" Versioun vun all Artikel soll onverännerbar a parallel zum normalen Artikel verëffentlecht ginn. (cf. SPON) --Otets 20:01, 19 Dezember 2005 (UTC)

Chimie (oder: déi béis gr-wiki)[Quelltext änneren]

Denkt keen drun, eis Periodentabell vun den Elementer mat bloe Linken ze beglécken? D'Griiche maachen dat elo grad mat engem Bot. Eis onfair Konkurrenz huet esou haut de mueren 105 nei Artikelen derbäikritt. Mär sinn zwar nach ëmmer vir, mee wéi laang nach bäi engem Ecart vu knapps méi wéi honnert Artikelen?

Ween eng standardiséiert Chimie-Source kennt, déi fir d'lb-wiki als Virlag hierhale kéint, däerf se roueg hei uginn - de ChronoBot wëll nees vum Späicher erofkommen... --Otets 10:38, 9 Dezember 2005 (UTC)

ech hunn zwar leider net richteg verstan wéi e Bot funktionnéiert a wat en brauch fir ze starten ("eng standardiséiert Chimie-Source"???), mee ech fannen et eng gut Idee fir déi Artikelen ze initéieren. Intuitiv kéint ech mer virstellen datt hei oder hei ëppes brauchbares kënnt fonnt ginn; ech sinn och gär bereed weider ze sichen wann ech méi Info kréien --Marcus 10:48, 9 Dezember 2005 (UTC)

D'Programméiere kann ech selwer maachen, dat ass kee Problem. Ech wäert emol e Sonnde kucken, wat een do maache kann, vläicht mat enger Këscht wéi déi vum Sëlwer (déi vum Platin ass zwar besser, mee fir den Ufank vläicht ze komplizéiert). Mat standardiséierter Chimie-Source hat ech iergendeng Source zum Thema gemengt, déi ganz standardiséiert ass, fir datt e Bot seng Informatiounen bäi all Element ëmmer op exakt deerselwechter Plaz fënnt - am léisten natierlech op Lëtzebuergesch ;-)) --Otets 12:45, 9 Dezember 2005 (UTC)

Elo ass mäi Sonnde scho bal um Enn an ech krut ëmmer nach net d'Kéier fir de Bot ze programméieren. Ech wäert dat dann ënnert der Woch maachen, owes wann ech nach hallef lieweg sinn. Ëmmerhin hu mer jo nach e Virspronk vu 94 Artikele par rapport zu de Griichen. Bis Enn dës Joers wäert ech souwisou manner ze gesi sinn, well da si meng Deeg fir gewéinlech scho genuch ausgefëllt, datt ee knapps nach no Loft japse kann. Also, haalt d'Ouere steif, dot op d'Schreifweis uecht a setzt schéi brav Interwikilinke bäi. --Otets 19:49, 11 Dezember 2005 (UTC)

Klenge Statistik-update: déi fuddlerech Griichen hunn haut 78 Lännerartikele vun hirem Bot schreiwe gelooss. Lo si mer just nach 14 Artikele vir, dat gëtt terribel enk wa mer kee Gank zouleeën. --Otets 19:35, 13 Dezember 2005 (UTC)

Déi an Island leeën sech anescht un. Fir déi iwwer 50 Artikelen iwwer d'US-Staate séier an de Grëff ze kréien, hu se zu dräi dru geschafft wéi um Fléissband. All Respekt. --Cornischong 19:25, 13 Dezember 2005 (UTC)

Wat kinnt een dann machen, fir dass et besser viru geet ? Kënne mir keen esou e Bot hun? --Alexandra 09:34, 14 Dezember 2005 (UTC)

Wéi de Cornischong et schonn ugedeit huet, kéinte mer eis zu e puer zesummesetzen a manuell déi iwwer 50 Artikelen iwwer d'US-Staate schreiwen. Mee mer kënnen awer och, wéi uewe schonn ugekënnegt, eis Artikelen iwwer déi cheemesch Elementer vun engem Bot schreiwe loossen. Ech hoffen, dëse Sonnden endlech Zäit ze fanne fir dee Bot ze programméieren. Well Zäit brauch ech effektiv dofir, vu datt ech net grad esou sabblech Artikele wëll hu wéi d'Griichen, mee eng kleng schéin Tabell mat e puer Standardinformatiounen dernieft. --Otets 13:17, 14 Dezember 2005 (UTC)

Dat mat dem Bot ass wierklech eng gudd Idee, leider kann ech do net vill hellefen, well ech dovunner keng Ahnung hunn. Ech sinn awer och gär bereed fir bei anere Saache matzeschaffen, och wann et dann manuell ass :-) --Alexandra 12:21, 14 Dezember 2005 (UTC)

Maja, wann de Cornischong da bis e Samschden nees gesond wier, da wiere mer jo schonn zu dräi, grad wéi d'Islänner. ;-) --Otets 13:31, 14 Dezember 2005 (UTC)

D'Griiche kréie grad vun enger IP um Fléissband Artikelen iwwer portugisesch Stied geschenkt. All Artikel huet nieft dem Wope just 4-5 Wierder. Ass dat elo d'Artikelpolitik vun der Zukunft oder wat? --Otets 18:35, 18 Dezember 2005 (UTC)

Eis Lieu-diten hunn d'gr-wiki nees op d'Plaz gesat. Weider esou, mer sinn um richtege Wee! --Otets 04:24, 7 Januar 2005 (UTC)

Ducksall oder Duxall?[Quelltext änneren]

Wéi get et dann lo richteg geschriwwen? Ech hätt éischter d'Tendenz zur éischter Versioun, mee an de Kierchenartikelen fannen ech mol déi eng, mol déi aner. Myriam 12:52, 14 Dezember 2005 (UTC)

Duxall (Duxäll). Lo misst alles richteg sinn. Wann nach een dorëmmer leeft, einfach änneren. --Cornischong 14:16, 14 Dezember 2005 (UTC)

Déi Béis alleguer[Quelltext änneren]

http://nl.wikipedia.org/wiki/Speciaal:Contributions/RobotMichiel1972 weist eis op d'mannst, wa mer gär d'Evolutioun vun der Awunnerzuel vun de lëtzebuergeschen Uertschafte hätten, wuer mer se kënne siche goen. --Cornischong 22:11, 18 Dezember 2005 (UTC)

Dat huet awer näicht mam Michiel Minderhoud sengem Bot ze dinn, mee éischter mat him senger eegener manueller Aarbecht. Engagéiert Leit brauch een eben - an déi richteg Source, mee déi hu mer jo elo (virausgesat si ass fiabel). --Otets 01:54, 19 Dezember 2005 (UTC)

Den "neie Standard" an de "ganz grousse Biesem"[Quelltext änneren]

(eriwwerkopéiert vun der Diskussiounssäit vum Artikel "Alabama")

Datt e Kapitel, dat sech nëmmen ëm den Numm dréit, net soll "Den Numm" heeschen, mee "Geschicht" geet däitlech iwwer meng Méiglechkeeten ewech. Villäicht hunn ech och d'Iwwersiicht verluer? --Cornischong 02:08, 19 Dezember 2005 (UTC)

Vu datt s de dech absolut null un de Standard gehalen hues, hunn ech missen de ganz grousse Biesem eraushuelen an alles gouf radikal standardiséiert. Wann s de elo awer eng kleng Ofwäichung mat engem Titel "Den Numm" wëlls, dann hunn ech domat natierlech weider kee Problem. --Otets 02:24, 19 Dezember 2005 (UTC)

"Vu datt s de dech absolut null un de Standard gehalen hues". Lo geet et mär es esou lues duer mat deem Tounfall! Dee Saz do fannen ech eng zimmlech Frechheet! Ech froe mech ëm wat fir Standarde et hei soll goen, a wien déi festgeluecht huet. Mee wann ech mer dat Ganzt iwwerleeën, dann hunn ech besser, ech hale mech aus deene Saachen eraus, ech wëll schliisslech net hënneren, wann hei "alles .. radikal standardiséiert" gëtt. Ech wëll natierlech och keng "kleng Ofwäichung" vun deem "neie Standart", net datt nach een domat e Problem soll hunn. --Cornischong 03:12, 19 Dezember 2005 (UTC)

Du selwer hues mech gefrot, eng Tabell ze maachen (den Titelskelett war do just d'gratis Bäilag). U sech wollt ech mech gëscht just ëm mäi Bot këmmeren, mee wann een da sou léif gefrot gëtt, da mécht een engem alt eppes. Wann ech dann awer gesinn, datt ech eppes op deng Ufro hin op d'Bee stellen, an du mëss dann de Geck mat menger Tabell andeems de se e Pup ausfëlls, da kanns de der verschidden Tounfäll op ganz einfach Manéier erklären, oder wéi géifs du dech fillen, wann s de mengs veroarscht ze ginn? --Otets 13:41, 19 Dezember 2005 (UTC)

Den Jimmy mierkt awer och alles![Quelltext änneren]

"Copyleft-Lizenzen am Scheideweg" :( http://www.heise.de/tr/aktuell/meldung/67653 )
Doraus: "Wenn wir ein Foto auf unserer Seite hätten, aus dem jemand eine Postkarte machen will, hätte er die Schwierigkeit, dass die Lizenz auf ihre Rückseite gedruckt werden müsste – und die ist acht Seiten lang", sagt Jimmy Wales, Mitbegründer der Wikipedia und Vorsitzender der Wikimedia-Initiative mit Sitz in Florida." Tjeft namol, lo huet deen dat och gemierkt!! --Cornischong 21:36, 22 Dezember 2005 (UTC)

Wéi domm awer och, elo kann en eis Fotoen net zu Postkoarten ëmfonktionéiren a sech eng zweet gëllen Nues verdingen. Mee ech si sécher, him fält do schonn nach eng Léisung an, zur Nout gëtt eben den Text vun der Lizenz deenen neien Ufuerderungen ugepasst. --Otets 11:24, 23 Dezember 2005 (UTC)

Ëm dës Zäit...[Quelltext änneren]

Schéine Chrëschtdag iech all!(mer hunn nach 15 Minutten :) --Otets 22:45, 25 Dezember 2005 (UTC)



Vill Gléck am Neie Joer!--Otets 22:57, 1 Januar 2006 (UTC)




Interwikilinken[Quelltext änneren]

De Quistnix huet eis gefrot, eng komplett Lëscht mat Interwikilinken opzestellen, déi no eise Virstellunge sortéiert ass. Ech hu mech emol dorunner versicht (kuckt hei) a géif iech elo bieden, se unzekucken a wann néideg nach Ännerungen dru virhuelen, ier se allgemenggülteg gëtt. --Otets 14:28, 26 Dezember 2005 (UTC)

oukéi --Cornischong 14:42, 26 Dezember 2005 (UTC)

Eis Lëscht war anscheinend net komplett. Ech hunn doropshin direkt dräi Varianten ausgeschafft. Schreift w.e.g. dem Quistnix wat fir eng der favoriséiert (klickt hei). --Otets 11:57, 27 Dezember 2005 (UTC)

Sou lo kommen ech als ganz blöde User heihinn: Interwiki = verlinken op déi selwëcht Artikelen an anere Sproochen? Myriam 23:28, 1 Januar 2006 (UTC)

Jo, genee dat. --Otets 01:38, 3 Januar 2006 (UTC)