Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/Oktober

Vu Wikipedia

Iwwersetzunge vun Artikelen[Quelltext änneren]

E schéine gudde Moien!

Haut hunn ech nees eng aner Prinzipiefro, op déi ech a kengem Tutorial oder op Google esou richteg eng Äntwert fonnt hunn: Wéi ass et generell mat Iwwersetzunge vun Artikelen aus anere WPs? Huele mer als Beispill den Artikel iwwer d'NASA: An der däitscher WP steet do nawell en zimmlech detailléierten Artikel, mat jett Fotoen, Tabellen asw. Mécht do e Sënn, fir de Lëtzebuergeschen NASA-Artikel nach eng Kéier vu vir un ze recherchéieren oder kann deen och esou, wéi en ass, op Lëtzbuergesch iwwersat ginn? Wann dann nei Detailer dobäikommen, wéi z.B. nei Missiounen, hätt een eng zolitt Basis, fir do weiderzefueren.

Als Argument dofir gesinn ech de Prinzip vun der WP, eng weltwäit Enzyklopädie ze schafen, aplaz datt all Land d'Rad nei erfënnt.

Argument dogéint: E bëssen eegent Engagement ass natierliech bei esou engem Projet och gefrot. Mee vu dass di Lëtz. WP net all ze vill Memberen huet, ass dat allerdengs eng Sisyphus-Aarbecht.

WDYT? --Minnie 08:44, 2 Oktober 2005 (UTC)

Gudde Moien. Et ass ganz gutt fir heiansndo déi Froen nees ze stellen!! Vun Ufank un hate mer hei Diskussiounen iwwer dat Thema. Neen, et meécht a priori kee Sënn fir den NASA-Artikel nei ze recherchéieren. Fir en z'iwwersetze wuel. Mär hunn de Pech, datt mer an enger Situatioun sinn an engem Land a Sproochraum ze liewen, déi net gemierkt hunn, datt se nach ni eng Zort Lexikon haten!! Mär hunn d'Chance, fir en absolute neien Terrain ze "bauen". A mer hunn all Interessi, fir ze kucken, méiglechst vill iwwer eist Land an eise Kulturraum ze "sammelen", well et esou eppes nach ni gouf. Wa mer emol "endlech" iwwer all Uertschaft en Ufank vun Artikel hunn (wat nach ëmmer net de Fall ass!!) da kënne mer erwaarden, datt deen Een oder deen Aneren iwwerhaapt eppes dra schreift! Wann ee sech hei am Land wëllen informéieren, wou d'Quell vun der Uelzecht ass, dann ass en domm drun, an zwar ganz domm. (Och hei ass d'Quell vun Däitsch-Oth op Thil geplënnert; einfach esou, ouni Bewäis vun deem Engen oder vun deem Aneren. 't ass e gutt Beispill!). Mer sollten emol kucke fir primär eis Uertschaftsartikelen an eis "lëtzebuergesch" Artikelen an d'Rei ze kréien, well iwwer déi fanne mer näischt an der däitscher oder an der franséischer Wikipedia; oder, wat nach vill méi schlëmm ass: An der däitschsproocheger steet zimmleche Kabes iwwer eis Sprooch. Dat ass ee Grond méi, datt mer eis sollen dohannert setzen. Also am Prinzip déi "lëtzebuerger" Artikelen musse gefällegst selwer "recherchéiert" ginn, mat Hëllef vu Material, dat schonns recherchéiert gouf. Mee, wann ee wëll aus "auslännesche" Wikien eppes iwwerhuelen, soll een dat Material "kritesch" iwwerhuelen! "net all ze vill Memberen huet", dat ass natierlech e Problem. Mee d'Pionéier haten et nach ëmmer schwéier:-) --Cornischong 10:13, 2 Oktober 2005 (UTC)
Also ech mengen all Mënsch hei huet sech scho mol d'Fro gestallt: solle mer einfach iwwersetzen, oder d'Rad nei erfannen, ech mengen et get eppes dertëscht. Natiirlech as et och irgendwéi komesch fir eis (wou mer dach e puer Sprooche kënnen) fir Artikelen z'iwwerseten wann een se villäicht (fir déi meescht op d'mannst) op Däitsch, Franséisch, Englesch a villäicht nach op aner Froen noliese kann. Mee villäicht as et och vu Wäert wann een mol eppes eegenes op d'Bee setzt ouni 1 zu 1 vun aneren ze kopéieren. Mee eigentlech sin ech emmer nach iwwerzeegt dovun dat de Wäert vun der lëtzbuergescher Wikipedia dra läit haaptsächlech "national" Saachen (net nëmmen) dranzesetzen. Myriam 15:41, 2 Oktober 2005 (UTC)

Dat misst eis interesséieren!![Quelltext änneren]

Luxemburger Lexikon
Das Großherzogtum von A-Z
Das ganze Land in einem Band
Alles Wissenswerte über das Großherzogtum Luxemburg:
Namen, Daten, Fakten
Dieses Lexikon, das erste seiner Art, das jemals in und über Luxemburg
zusammengestellt wurde, informiert über luxemburgische Geschichte, Geografie, Politik, Wirtschaft, Kultur, Wissenschaft, Religion, Sport und alle anderen klassischen Wissensgebiete.
ca. 10.000 Stichwörter
2.500 Abbildungen, Fotos, Grafiken und Tabellen
30 Themenkästen mit thematischen Sonderartikeln
480 Seiten, gebunden
Format: 16 cm x 25 cm
Verkaufspreis: 49,90 €
kënnegt de Guy Binsfeld fir den Hierscht 2006 (!!!) un. --Cornischong 00:29, 10 Oktober 2005 (UTC)

Bis dohinner wäerte mär jo hoffentlech och eis 10.000 Artikelen zesummen hunn a kënnen déi "Konkurrenz" roueg op eis duer komme loossen ;-) Ech si gespaant, wivill vun deem, wat ewell schon hei steet, sech an dem Lexikon erëmfanne wäert. Anerersäits dierft en eng gutt Hëllef sinn, Sujeten, déi dann nach feelen, opzespieren an hei ze kompletéieren. Dat kléngt no enger Win-win-Geschicht. De groussen Avantage vun der Wiki läit jo dodranner, dass, wat d'Längt vum Artikel ugeet, keng Grenze gesat sinn; d'Artikelen ëmmer erëm aktualiséiert kënne ginn, an och "Nët-lëtzebuergesches" no Häerzensloscht mat erageholl oder/a verlinkt ka ginn.
--Zinneke 08:17, 11 Oktober 2005 (UTC)

De Yurik a säi Bot...[Quelltext änneren]

...gi mer schon eng Zäitchen op d'Strëmp, well dat Déngen hei net "verstoppt" schafft an eis Rezent-Ännerungens-Lëscht onlieserlech mécht. Ech hun deem Yurik e Message hannerlooss, e soll sengem Fiffi eng Tarnkap iwwerstrëppen. Falls dat näischt soll déngen: sidd der d'accord, e(provisoresch) ze spären? Well dovunner ofgesinn ass séng Aarbecht jo ganz nëtzlech. --Zinneke 15:59, 13 Oktober 2005 (UTC)

Ech si genee denger Meenung. Wann dee gär säi Bot owes pisse féiert, dann hätt ech léiwer, de Bot huet eng Tarnkap un. An enger Zäit, an deeër d'Serveren wënsch lafen an eng Foto 10 Minutte brauch fir eropzelueden freeë mer eis natierlech alleguer, ze wëssen, datt et de Leonardo-Artikel och elo op südostjapanesch gëtt. Ech hat e schonns gespart, mee de gudde Wëlle léisst sech net un d'Léngt leeën. --Cornischong 20:20, 13 Oktober 2005 (UTC)
E Bot soll generell just an der déiwer Nuecht lafen, well e soss anerwäerts gebrauchte Serverkapazitéit klaut, ganz onofhängeg dovunner op en ugewise gëtt oder net. Nuets hënnert en och net esou an de rezenten Ännerungen. Well den Nodeel vum verstoppte Bot ass, datt da kee méi direkt mierkt, op a wat do geschitt - eventuell e Problem, wann de Botmaster keen lb-Wikipedianer ass, mee en externen, dee seng Bot-Aktiounen net onbedingt mam Rescht vun der Kommunautéit koordinéiert. --Otets 10:07, 18 Oktober 2005 (UTC)

Den Jimbo ass entsat[Quelltext änneren]

Haut am SPON: Wiki-Qualitéitsrapport.

Fir all déi, déi net wëssen, wéi se en Artikel ufänke sollen[Quelltext änneren]

http://en.wikipedia.org/w/index.php?title=Robert_Aumann&diff=prev&oldid=25195254 --Cornischong 16:49, 19 Oktober 2005 (UTC)

Mee, den eigentleche Witz ass deen hei: http://en.wikipedia.org/w/index.php?title=Special%3ALog&type=&user=&page=Robert+Aumann --Cornischong 16:58, 19 Oktober 2005 (UTC)
Majo dann. Soll een do laachen, sech entwutzen, oder just nach mam Kapp rëselen? An dat Schéinst ass, datt den Här e puer Deeg drop ëffentlech iwwert déi aner Wikipedianer entsat ass. Mee bon, soe mer eis alt, datt en et net besser kann... --Otets 18:10, 19 Oktober 2005 (UTC)

Sex and Crime[Quelltext änneren]

Wéi wier et mat engem neien Titelbild fir op d'Haaptsäit??! Dat alt ass schliisslech schonns eppes iwwer véierzéng Deeg do!!! Eppes Originelles dierft et scho sinn! --Cornischong 00:52, 23 Oktober 2005 (UTC)

Vun "abäerden" iwwer "bralen", "brigelen" "fëschzen" "karfénkelen" "scheiwen" bis "zwiwwelen"[Quelltext änneren]

Fir jiddereen, dee seng lëtzebuergesch Verben net méi all am Kapp huet de MEN haut en neit Buch erausbruecht: "LES VERBES LUXEMBOURGEOIS" , eng Zort "Bescherelle". Iwwer 6000 Verben! 234 Säiten! Fuedemgebonnen! --Cornischong 18:39, 31 Oktober 2005 (UTC)