Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Juni

Vu Wikipedia

Ofstëmmen doriwwer ob 'global bots' bei eis automatesch de Bot-Staus kréie sollen[Quelltext änneren]

Ech wollt emol virschloen ob mir net, esou wéi et Benotzer:WikimediaNotifier/notifications#Global_bots hei virgeschlo gëtt, all déi Botten déi schonn op e sëlleche Wikien de Bot-Status hunn an nëmmen Interwiki-Linken ännere respektiv duebel Viruleedungen flécken als Bot bäi eis op der lb-Wikipedia zouloosse sollen. Ech gesi keen Nodeel fir eis, vu datt all eis Administrateuren och déi Botten, wa se net korrekt fonctionnnéiere sollten, zu jidfer Zäitpunkt späre kënnen. Ech schloe vir datt mir während enger Woch vu muer 2. Juni 2009 00.00 bis den 8. Juni 2009 ëm 23.59 doriwwer ofstëmmen, woubäi wéi gewéinlech nëmmen registréiert Benotzer mat engem Bentzernumm mat ofstëmmen däerfen. --Robby 20:30, 1. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Resultat: 5 Benotzer dofir a keen dogéint domatt kréie global bots automatesch de bot-status bei eis. --Robby 22:24, 8. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Panoramafräiheet[Quelltext änneren]

Léif Kolleginnen a Kollegen,
Kann mer mol ee vun iech déi "Panoramafräiheet" commons:commons:Freedom of panorama erklären.
Kontext: Ech hat eng eege Foto vum Claus Cito senger "Mère éplorée" um Leidelenger Kierfecht op commons gesat an se esouwuel am lb wéi am de.wikipedia verlinkt. D'Foto gouf op commons mam Grond " FOP does not apply" geläscht. Ech hunn dat net richteg bekäppt. Merci am Viraus --Sultan Edijingo 16:59, 30. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Gemenkerhand ass et jo esou, dass de "Schöpfer" vun engem Wierk (dat heescht bei Gebaier: den Architekt oder bei enger Statu: de Sculpteur) d'Rechter op sengem Wierk huet. Et ass deemno net fräi (et sief, den Auteur ass méi wéi 70 Joer dout oder en huet se ausdrécklech ofgetrueden).
Am däitschen (an éisträicheschen? Ech si mer es do net sécher) Rechtssysteem gëtt et allerdéngs dat ominöst Konzept vun der "Panoramafreiheit": Gebaier, Statuen asw am ëffentleche Raum dierfen aus enger "normaler" frä zougänglecher Perspektiv (wéi een s'op der Strooss huet), ofgeknipst ginn. Anzwousch anescht bleiwen d'Droit d'auteuren op Gebaier, Skulpturen, asw weiderhin "normal" bestoen. --Zinneke 18:49, 30. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

hm... ech hunn och probéiert mech schlau ze maachen: Am de:Panoramafreiheit#Luxemburg liesen ech, datt hei zu Lëtzebuerg, e Konschtwierk net dierft d'Haaptmotiv vun enger Foto sinn. An deem Fall si mer dach zollitt gefuerdert! Am Artikel vum Claus Cito z. B. ass jo dem Cayambe seng fantastesch Foto vun der Gëlle Fra. Fällt déi da net och ënnert FOP, a musse mer déi an nach vill aner Fotoen dann elo aus eisem Wiki löschen?? --Sultan Edijingo 21:40, 30. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]