Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Direkt Läschen

Vu Wikipedia

Direkt Läschen ass d'Läsche vun enger Säit ouni datt déi festgesat Zäit (aacht Deeg) vun der Läschdiskussioun muss agehale ginn. D'Direkt Läsche bezitt sech op Fäll déi net ausdiskutéiert musse ginn. Déi genee Viraussetzunge sinn an den nofollgende Direktläschkrittäre festgeluecht.

All Benotzer ka Säite proposéieren déi direkt solle geläscht ginn, andeems en d'Schabloun {{Iwwerschaffen + Läschen}} an d'Säit setzt. Wann de betraffenen Artikel vun engem agedroenene Benotzer ugeluecht gouf da soll dee Benotzer doriwwer informéiert ginn. Fir IPen z'informéieren mécht wéineg Sënn, well de Message d'Gefor leeft net gelies ze ginn oder déi ugeluecht Säit souwisou e Vandalismus oder eng Spillerei vun där IP ass.

All Administrateur (Admin) ka Säiten direkt läschen am Fall wou s'op d'mannst engem vun de follgende Krittären entspriechen.

Krittären

[Quelltext änneren]

Artikel läschen

[Quelltext änneren]
  • Grondmängel an Artikelen:
  1. Vandalismus, evident Topegkeeten ("De Pitti ass blöd")
  2. Testsäiten (An dësem Fall den Auteur duerch d'Schabloun {{Test}} begréissen)
  3. Ukënnegunge vun Artikelen, quasi eidel Säiten
  4. Texter an enger anerer Sprooch wéi Lëtzebuergesch
  5. Maschinneniwwersetzungen mat destrukturéierter Syntax an onverständleche Sazdeeler/Bedeitungen
eventuell ee vu follgende Punkten als Grond an d'Läschschabloun androen.
  • Spillereien a Witzartikelen
  • Zweifelsfräi Irrelevanz fir eng Enzyklopedie
  • Rechtswidregen Inhalt (Beleidegungen, Menacen, Calomnie, a soss flagrant Verstéiss géint de Code civil oder pénal)
  • Verstéiss géint d'Copyright (Text ënner Copyright wuertwiertlech kopéiert)

Metagrënn

[Quelltext änneren]
  • # Redundanz: Artikelen, deenen hiren Inhalt schonn an engem Artikele steet
  • # Resurectiounen: Eng Kopie vun engem Artikel dee schonn eng Kéier geläscht gouf oder en ähnlechen Text deen d'Relevanzcrièren net erfëllt