Île de la Cité

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Haiser op der Île de la Cité

D'Île de la Cité ass eng Banneninsel op der Seine an den eelsten Deel vun der franséischer Haaptstad Paräis. An der Noperschaft läit d'Île Saint-Louis.

Metro-M.svg Heihinner kënnt een iwwer d'Métrosstatiounen: Cité a Saint-Michel.

D'Île de la Cité war schonn an der Antikitéit bewunnt - fir d'éischt vun de Kelten a spéider (no 52 v. Chr.) als Zentrum vun der réimescher Muecht a Gallien. Schonn am 4. Joerhonnert stoung op der Plaz wou een haut d'Kierch Notre-Dame de Paris gesäit, eng Kathedral. Wéi de Clovis I. aus dem Geschlecht vun de Merowinger Paräis am fréie 6. Joerhonnert zu der Haaptstad vu sengem Räich gemaach huet, stoung d'Île de la Cité nees am Mëttelpunkt.

1584 huet den Henri III. dräi suppeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domadder ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op am Ganze 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz d'Place Dauphine entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwee Seine-Ufere matenee verbanne sollt. Déi sougenannten "Nei Bréck" (Pont Neuf) ass haut déi eelste Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass.

Haut huet op der Île de la Cité de Palais de Justice de Paris säin Haaptsëtz, geneesou wéi d'Policezentral.

D'Île de la Cité' ass geographesch op zwee Paräisser Arrondissements opgedeelt, an zwar op den 1. an de 4. Paräisser Arrondissement. Grenzstrooss ass de Boulevard du Palais. Den 1. Arrondissement hëlt dobäi de westlechen Deel vun der Seineinsel an, de 4. den ëstlechen Deel.

Île de la Cité vu Westen

[änneren] Kuckeswäertes op der Île de la Cité

[änneren] Um Spaweck

Commons: Île de la Cité – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen