Adolphe Omlor

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Adolphe Omlor
Gebuertsnumm Karl Franz Johann Adolph Omlor
Gebuer 25. Mee 1847
Saarbrécken
Gestuerwen 17. Mäerz 1927
Wiesbaden
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen

De Charles-François-Jean-Adolphe Omlor, genannt Adolphe Omlor, gebuer de 25. Mee 1847 zu Saarbrécken als Karl Franz Johann Adolph Omlor, a gestuerwen de 17. Mäerz 1927 zu Wiesbaden, war e lëtzebuergeschen Industriellen.[1]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

1866 koum den Adolphe Omlor op Aluedung vu sengem kranke Monni, dem Auguste Charles, op Lëtzebuerg an huet an deem senger Händschefabrik Auguste Charles&Cie matgeschafft, vun där en am Joer 1870 Direkter gouf.

Den Adolphe Omlor war Member vum stännege Kommitee vun der Chambre de commerce a vum Consistoire vun der protestantescher Kierch. Vun 1879 bis 1892 war hie Schäffe vun der Gemeng Hollerech.

Den 10. Januar 1876 krut den Adolphe Omlor duerch Naturalisatioun d'lëtzebuergesch Nationalitéit[2].

E puer Joer méi spéit, den 30. Abrëll 1881, gouf den Adolphe Omlor zu Dikrech mat der Berthe Hartmann, Duechter vum Antoine Hartmann, bestuet. Si kruten e Meedchen, d'Marie Thérèse Wilhelmine Omlor.

Strooss[änneren | Quelltext änneren]

Zu Bouneweg ass eng Strooss nom Adolphe Omlor benannt. D'Rue Adolphe-Omlor verbënnt d'Rue de Pont-Rémy mat der Rue Paul-Medinger.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.industrie.lu/ManufacturedegantsCharles.html
  2. https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/vj3rncqg89/pages/8/articles/DIVL568?search=adolphe%20omlor
  3. https://onsstad.vdl.lu/ausgaben/detail?tx_onsstadnews_detail%5Baction%5D=show&tx_onsstadnews_detail%5Bcontroller%5D=News&tx_onsstadnews_detail%5Bnews%5D=785&cHash=f0b1296bb858ae04e5745528a31e9eab#book/29