Afebam
| Afebam | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Chilenesch Araucaria |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Araucaria araucana |
|||||||||||||||||
Den Afebam, Araucaria araucana, oder Chilenesch Araucaria, op Englesch geleefeg Monkey-Puzzle genannt, ass e Bam aus der Famill vun den Araukarieplanzen, dee vun Natur aus a Chile, an do haapsächlech an der Región de la Araucanía, an an Argentinien an den Anden virkënnt.
Fossilen déi fonnt goufen, hunn et erlaabt déi éischt Afebeem op 50 Millioune Joren zréckzedatéieren. Domatter gehéieren d'Afebeem zu den eelste Bamfillen op der Welt.
Den Afebam gouf an Europa duerch den Dokter a Biolog Archibald Menzies géint d'Joer 1795 bekannt gemaach.
De Bam ka bis 50 Meter héich ginn. An Europa ass e mat dem Frascht geplot, a wiisst nëmme gutt a Géigenden, an deenen et net ze kal gëtt, wéi am Süde vun England an op de briteschen Inselen. Wéinst sengem exoteschen Habitus ass en als Park- an Dekoratiounsbam beléift, an dat besonnesch a klenge Virgäert well en net ze séier wiisst (bis 30 cm am Joer). D'Beem gi ganz al sou datt et Exemplare gëtt, déi iwwer 1 000 Joer al sinn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Afebam – Biller, Videoen oder Audiodateien |