Aisne-Marne Kanal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lag vum Kanal
De Kanal vun der Schleis N°14 L'Espérance an Direktioun Schleis N° 15 Beaumont gesinn.

Den Aisne-Marne Kanal ass e Scheetkanal deen am Gabarit Freycinet gebaut gouf, an deen den Dall vun der Aisne mat deem vun der Marne verbënnt. De Kanal ass 1886 a Betrib gaangen.

De Kanal ass 58,109 km laang an huet 24 Schleisen, dovu 16 zur Säit vun der Aisne an 8 am Marnebaseng.

D'fräi Héicht ass 3,5 Meter, an de Waasserstand 2,20 Meter, den erlaabten Déifgank ass 1,80 Meter.

En huet säin Ufank zu Berry-au-Bac op der Aisne a féiert iwwer Reims op Condé-sur-Marne.

Well de Kanal iwwer de Scheet vun engem Bierg, dem Mont-de-Billy féiert a säin ieweschte Schleisebaseng op bal dem héchste Punkt läit, hu musse speziell Konstruktioune gemaach ginn, fir e mat Waasser ze fëllen. Dofir gouf zu Condé-sur-Marne eng Pompelstatioun gebaut, déi d'Waasser op eng Bréck vun engem Aqueduc pompelt, vu wou aus et dann duerch seng eege Gravitatioun bis op déi héchst Plaz vu Kanal leeft. Dat geschitt an dësem Fall duerch eng ënnerierdesch Waasserleitung vu ronn 7,5 km, déi tëscht dem Hafe vu Vaudemange an der Schleis N° 17, déi net wäit dovun ewech ass, an de Scheetbaseng leeft. Op der Säit vun der Aisne krut d'Vesle déi plazeweis no un de Kanal erukënnt och Waasser gezoppt, fir op där Säit wou déi meescht Schleise sinn, ze hëllefen, de Waasserstand ze garantéieren.

Fir net ze vill héich op d'Kopp mussen ze goen, gouf um Scheetbaseng en 2.302 m laangen Tunnel ënner dem Mont-de-Billy gebaut. Dat ass déi eenzeg Plaz um Kanal déi Schëffer net erlaabt laanschteneen ze fueren.

Schleisen[änneren | Quelltext änneren]

Schleis Uertschaft Koordinaten PK Ieweschte Baseng / m
N°1 Berry-au-Bac Gnome-globe.svg 49° 23’ 55’’ N 03° 54’ 18’’ O 00,00 01.110
N°2 Cormicy Gnome-globe.svg 49° 23’ 48’’ N 03° 55’ 07’’ O 01,11 01.070
N°3 Cormicy Gnome-globe.svg 49° 23’ 24’’ N 03° 55’ 33’’ O 02,17 02.370
N°4 Cormicy Gnome-globe.svg 49° 22’ 13’’ N 03° 55’ 44’’ O 04,54 01.170
N°5 Cauroy-les-Hermonville Gnome-globe.svg 49° 21’ 51’’ N 03° 56’ 31’’ O 05,71 03.510
N°6 Loivre Gnome-globe.svg 49° 20’ 52’’ N 03° 58’ 52’’ O 09,22 00 720
N°7 Loivre Gnome-globe.svg 49° 20’ 36’’ N 03° 59’ 18’’ O 09,94 01.070
N°8 Loivre Gnome-globe.svg 49° 20’ 07’’ N 03° 59’ 40’’ O 11,01 00 810
N°9 Courcy / La Verrerie Gnome-globe.svg 49° 19’ 51’’ N 04° 00’ 13’’ O 11,82 12.460
N°10 Reims Gnome-globe.svg 49° 14’ 29’’ N 04° 02’ 08’’ O 24,28 00 770
N°11 Reims Gnome-globe.svg 49° 14’ 08’’ N 04° 02’ 30’’ O 25,05 00 620
N°12 Reims Gnome-globe.svg 49° 13’ 57’’ N 04° 02’ 55’’ O 25,67 07.520
N°13 Sillery Gnome-globe.svg 49° 12’ 04’’ N 04° 08’ 10’’ O 33,59 02.230
N°14 L'Espérance Gnome-globe.svg 49° 11’ 22’’ N 04° 09’ 31’’ O 35,82 02.770
N°15 Beaumont-sur-Vesle Gnome-globe.svg 49° 10’ 31’’ N 04° 11’ 24’’ O 38,59 01.170
N°16
N°17
Courmelois
Vaudemange
Gnome-globe.svg 49° 10’ 03’’ N 04° 12’ 04’’ O
Gnome-globe.svg 49° 04’ 55’’ N 04° 14’ 22’’ O
39,76
51,66
Scheetbaseng
11.900
N°18 Vaudemange Gnome-globe.svg 49° 04’ 41’’ N 04° 14’ 09’’ O 52,17 00 510
N°19 Isse Gnome-globe.svg 49° 04’ 27’’ N 04° 13’ 55’’ O 52,70 00 530
N°20 Isse Gnome-globe.svg 49° 04’ 09’’ N 04° 13’ 29’’ O 53,46 00 760
N°21 Isse Gnome-globe.svg 49° 04’ 00’’ N 04° 13’ 00’’ O 54,12 00 660
N°22 Isse Gnome-globe.svg 49° 03’ 53’’ N 04° 12’ 28’’ O 54,79 00 670
N°23 Condé-sur-Marne Gnome-globe.svg 49° 03’ 27’’ N 04° 11’ 35’’ O 56,13 01.340
N°24 Condé-sur-Marne Gnome-globe.svg 49° 02’ 38’’ N 04° 10’ 56’’ O 57,89 01.760
Hafen Condé-sur Marne Gnome-globe.svg 49° 02’ 30’’ N 04° 10’ 52’’ O 58,10
Commons: Canal de l’Aisne à la Marne – Biller, Videoen oder Audiodateien