Aljona Zander

Vu Wikipedia
Aljona Zander
um internationale Basar zu Lëtzebuerg (2017)
Gebuertsnumm Елена Николаевна Сетунская
Gebuer 19. Abrëll 1961
Moskau
Nationalitéit Sowjetunioun, USA
Aktivitéit Journalist
Famill
Bestuet mat Sergei Kolesnitschenko,
Karen Schachnasarow,
Mark Zander,
Marc Feider
Kanner Anna Schachnasarowa-Zander

D'Aljona Zander (mat Meederchersnumm Jelena Nikolajewna Setunskaja - Елена Николаевна Сетунская), gebuer den 19 Abrëll 1961 zu Moskau, ass eng russesch Journalistin déi spéider déi US-amerikanesch Nationalitéit ugeholl huet an do Tëleespresentatrice war. Haut këmmert se sech zu Lëtzebuerg ëm d'Promotioun vu Wirtschaftsrelatiounen an Charity.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Gebuer gouf se als Meedche vum Journalist a Vëlkerrechtler Nikolai Konstantinowitsch Setunski an der Tatjana Jewsejewna Feinberg, Kandskand vum Schrëftsteller Georgi Jeltschaninow. Wéi se véier Joer hat, hunn hir Eltere sech getrennt an déi nächst véier Joer huet hir Mamm sech ëm si an hire Brudder Dmitri eleng gekëmmert bis datt se dem Freie vum Schrëftsteller Anatoli Aleksin noginn huet an dee bestuet huet.

Si huet zu Moskau Journalistik studéiert a krut 1983 och en Diplom als Spueneschiwwersetzerin. An där Zäit, 1980 fir genee ze sinn, huet se sech mam Sergei Kolesnitschenko bestuet, mä dat huet net laang gehalen.

No der Uni huet se sech mam Regisseur Karen Schachnasarow bestuet, 1985 ass hir Duechter Anna op d'Welt komm. 1989 ass se mat der Duechter an d'USA geflunn ouni hirem Mann Bescheed ze soen. Spéider goufe se gescheet, hirem Mann gouf d'Garde vum Meedchen zougesprach mä en huet et trotzdeem 20 Joer laang net méi ze gesi kritt.

An den USA huet se sech nees bestuet, déi Kéier mam Producer Mark Zander, deen hir 1992 erméiglecht huet, Moderatorin vun der Fernseesendung "Stäre vun Amerika" um Televisiounskanal RTR ze ginn, wat se véier Joer laang gemaach huet bis datt mat der Sendung wéinst den héije Käschten opgehale gouf (20.000 US-Dollar fir d'hallef Stonn Sendung).

Zënter 2011 lieft se zu Lëtzebuerg mat hirer Mamm († 2014), hirem Stéipapp († 2017) an hirem véierte Mann, dem lëtzebuergeschen Affekot Marc Feider.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]