Allgemeiner Luxemburger Anzeiger
Typ | Zeitung |
---|---|
Periodizitéit | 2 Woch |
Éischt Ausgab | 1866 |
Lescht Ausgab | 1869 |
Land | Lëtzebuerg |
Editeur | Mathias Erasmy |
Den Allgemeiner Luxemburger Anzeiger war eng Zeitung, déi zu Lëtzebuerg vun 1866 un 4 Joer laang zweemol d'Woch erauskoum. Editeur war de Mathias Erasmy.
Den Allgemeiner Luxemburger Anzeiger war e Sammelsurium vun Informatiounen: Eisebunnsfuerpläng, national an international Nouvellen, Geschichten, Biographien, Soen, Sitten a Bräich, Rätselen, Spréchwierder, Notizen iwwer Konscht a Wëssenschaft, Coursë vun der Bourse, Gebuertsannoncen, Wiederprevisiounen[1]…
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Quell wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 3, Luxembourg: Editions Krippler-Muller, 1981, S.56.