Annibale de Gasparis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Annibale De Gasparis

Den Annibale de Gasparis , gebuer den 9. Abrëll 1819 a gestuerwen den 21. Mäerz 1892 war en italieneschen Astronom.

Nom Besuch vu Seminare zu Sulmona a Chieti goung hien 1838 no Neapel, fir op enger Ingenieurschoul ze studéieren. Vun 1840 un war hien astronomo alunno um Observatoire vu Capodimonte. Seng éischt mathematesch Publikatioun koum 1845 eraus. Et war seng Ofhandlung iwwer d'Ëmlafbunn vum Asteroid Vesta. D'Universitéit Neapel huet him dorophinn am Joer 1846 den Éierendoktertitel (laurea ad honorem) iwwerreecht. Vun 1860 bis zu der Emeritéierung 1889 war hien ordentleche Professer fir Astronomie, Geodesie a Mathematesch Geographie an der Universitéit Neapel. Vun 1864 bis 1889 war hien Direkter vum Observatoire vu Capo di Monte zu Neapel. wou hien zënter 1855 als ee vun de wichtegsten Astronomen gewiirkt hat.

De Gasparis hat 9 Asteroiden entdeckt.

1851 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. 1861 gouf hien zum Senator vum Kinnekräich ernannt. Zënter 1858 war hie korrespondéierende Member vun der Accademia dei Lincei, 1875 gouf hien ordentleche Member. Zënter 1849 hat hien der Accademia Pontaniana zu Neapel ugehéiert. Ausserdeem waren him de Krounuerden vun Italien (2 Stufe), de Uerden vun der Hl. Mauritius an Lazarus (2 Stufe), vun der Zivilverdéngschtuerden vu Savoyen an de Roude Adleruerden vu Preußen an de brasilianeschen Rousenuerden iwwerreecht ginn.

Zu sengen Éiere gouf den 30 Kilometer grousse Moundkrater de Gasparis souwéi d’Gasparis-Rill (Rimae de Gasparis), eng Moundschlucht vun 93 Kilometer Längt, déi beim Gasparis-Krater ufänkt, no him benannt.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie