Antofagasta

Vu Wikipedia
Antofagasta
Land Chile
Awunner 348.517
  2017
Fläch 56,12 km²
Héicht 40 m
Koordinaten 23°38'47"S, 70°23'53"W
Telefonszon 55
Postcode 1240000
Websäit https://www.municipalidadantofagasta.cl/

Antofagasta ass eng Stad am Norde vum südamerikaneschen Anden-Staat Chile. Si huet 352.600 Awunner (Stand 2017). An der Quechua-Sprooch heescht den Numm vun der Stad esouvill wéi Duerf um grousse Salzséi. Antofagasta ass d'Haaptstad vun der Regioun an der Provënz mam selwechten Numm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Antofagasta läit um Pazifik, um Bord vun der Atacama-Wüst. Vun do sinn et eng 1.400 km bis an d'Haaptstad Santiago.

D'Klima ass dréchen, ma agreabel, ausser am Summer wann et ganz waarm ka ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et huet eng Zäitche gedauert, ier Bolivien an Chile sech eens waren zum weem Antofagasta gehéiere géif. Am Ufank huet kee sech richteg dofir intresséiert. Nodeems 1866 grouss Nitrat-Virkommen entdeckt gi waren, aus deem den Dünger (Salpéiter) gemaach ka ginn, koum et dowéinst 1879 zum sougenannte Salpéiterkrich. Antofagasta ass de 14. Februar 1879 vum Chile eruewert ginn, wat schlussendlech 1904 vu Bolivien an engem Friddensvertrag unerkannt gouf.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Am Zentrum ze kucke gëtt et e Koffer-Monument, en Onofhängegkeetsmonument, en Eisebunnsmusée an e puer Gebaier aus der spuenescher Kolonialzäit.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Den Hafen
Den internationale Fluchhafen Cerro Moreno

D'Stad ass en Zentrum vum Export vu Biergbauprodukter (Koffer, Salpéiter, Borax...) an eng Rëtsch Firmen, déi an deem Beräich aktiv sinn, hunn do hire Sëtz. Och Stol gëtt do produzéiert.

D'Stad ass den Terminus vun der Eisebunnslinn Antofagasta–La Paz an der Eisebunnsstreck Antofagasta-Salta an Argentinien.

De Fluchhafen Aeropuerto Internacional Cerro Moreno läit am Norde vun der Stad.

Bildung[änneren | Quelltext änneren]

Zu Antofagasta ginn et e puer Universitéiten, dorënner d'Universidad de Antofagasta an d'Universidad Católica del Norte.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antofagasta – Biller, Videoen oder Audiodateien