Augustus Radcliffe Grote
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Augustus Radcliffe Grote, gebuer den 7. Februar 1841 zu Aigsburth bei Liverpool a gestuerwen den 19. September 1903 zu Hildesheim, war e bekannte Biolog a Päiperleken- a Matte-Fuerscher.
[änneren] Säi Liewen
De Grote huet verschidde Päiperleks- a Mattenaarten an Nordamerika, virun allem an den USA, Mexiko a Kuba, erfuerscht, entdeckt an hinnen en Numm ginn.
No him gouf de Päiperlek Cautethia grotei grotei (Grote Sphinx) benannt.
De Grote war bestuet an ass de Papp vum Louis Ruyter Radcliffe Grote.
[änneren] Säi Wierk
- Grote, Augustus R.: The effect of the glacial epoch upon the distribution of insects in North America, Salem, Mass., Salem Press, 1876
- Grote, Augustus R.: Notes on the Sphingidæ of Cuba, Philadelphia, 1865