Aurelius Augustinus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aurelius Augustinus
Gebuer 13. November 354 jul.
Gestuerwen 28. August 430 jul.
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Philosoph, Theolog, Autobiograph, Musekstheoretiker, Priedeger, Historiker, Dichter, Paschtouer, Schrëftsteller, kathoulesche Priister, Titularbëschof, kathoulesche Bëschof

Den Aurelius Augustinus gebuer 354 zu Thagaste, a gestuerwe 430 zu Hippo am haitegen Algerien, war en Theolog a Bëschof aus der spéider Antiquitéit.

Bekéierung[änneren | Quelltext änneren]

Seng Bekéierung zum Chrëschtentum beschreift den Augustinus a sengem deelweis autobiographesche Wierk Confessiones. Den definitive Schrëtt ass an engem Gaart zu Mailand geschitt wou hien eng Stëmm gehéiert huet déi him sot "tolle, lege" (huel, lies) wouropshin hien eng Bibel hëlt, se zoufälleg opschléit an do am Réimerbréif (Rm 13,13-14) liest: "Lasst uns ehrenhaft leben wie am Tag, ohne maßloses Essen und Trinken, ohne Unzucht und Ausschweifung, ohne Streit und Eifersucht. Legt (als neues Gewand) den Herrn Jesus Christus an und sorgt nicht so für euren Leib, dass die Begierden erwachen". Dat gesäit hien als Opruff fir sech direkt ze bekéieren.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Säi Wierk huet déi chrëschtlech Theologie bis haut entscheedent markéiert.

  • Confessiones (Bekenntnisser)
  • De civitate Dei (Iwwer de Gottesstaat)
  • De trinitate (Iwwer d'Dräifaltegkeet)
  • De beata vita (Iwwer d'glécklecht Liewen)

Den Augustinus gëtt an der kathoulescher Kierch als Hellegen an docteur de l'église veréiert, säi Gedenkdag ass den 28. August.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aurelius Augustinus – Biller, Videoen oder Audiodateien