Avenue du Blues

Vu Wikipedia
Avenue du Blues
Längt ca. 700 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Uertschaft Bieles
Quartier Belval
Postcode L - 4368
Koordinaten 49° 30’ 10’’ N
      05° 56’ 12.1’’ O
Genannt no Blues

D'Avenue du Blues ass eng Strooss um Belval an der Gemeng Suessem. Se leeft vum Eck mat der Rue Jean-Jacques-Rousseau an dem Boulevard du Jazz fir d'éischt Richtung Süd-Südwest, fir da virun der Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng no riets ofzebéien. Si geet bis bei de Lycée Bel-Val, wou s'an enger Sakgaass ophält.

De Boulevard de la Recherche geet an enger Ënnerféierung ënnert der Eisebunnsstreck an der Avenue du Blues erduerch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.

Den Numm ass en Homage un de Musekstil Blues.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue du Blues – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]