Porte de France

Vu Wikipedia
Porte de France
Längt ca. 560 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch-Uelzecht
Quartier Belval
Postcode L - 4360
Koordinaten 49° 30’ 08.8’’ N
      05° 56’ 41.9’’ O

D'Porte de France ass e Stadboulevard am Universitéitsquartier, op der Héichuewenterrass um Belval an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se leeft vun der Kräizung mat der Avenue du Rock'n'roll an der Avenue du Swing a Richtung Nord-Nordost, béit dann no riets a geet bis op d'Kräizung mat der Porte des Sciences an der Place de l'Université.

Drënner leeft den Tunnel vun der Liaison Micheville (B40), deen d'Autobunn A4 mat der Départementale D326 a Frankräich verbënnt.

Den nërdlechen Deel an der Verlängerung vun der Place de l'Université mécht d'Grenz mat der Gemeng Suessem.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz vum Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation opzebauen.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Op der rietser Säit steet dat markant rout Gebai vun RBC Investor Services, den éischte private Bau um Belval no senger Rekonversioun. Weider no Norden, op der selwechter Säit, ass d'Maison des Sciences humaines.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Porte de France – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]