Béla Volentik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Béla Volentik, gebuer de 5. Dezember 1907 zu Szolnok (Ungarn) a gestuerwen de 27. Oktober 1990 zu Budapest, war en ungaresche Foussballspiller an -trainer. [1]
Hien huet déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe vum 20. September 1953 bis de 16. Januar 1955 als Trainer betreit, déi an der Zäit 9 offiziel Matcher gespillt huet. [2]