Bearded Collie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Bearded Collie ass eng britesch Hondsrass déi bei der FCI ënner der Nummer 271 an der Grupp 1, Sektioun 1 gefouert gëtt.
De Bearded Collie ass en Hierdenhond, deen aus dem schotteschen Héichland kënnt. E ka fir komplex Hierdenaarbechten agesat ginn, bei deenen e selbststänneg schaffe kann, wéi Siche vu verluerenem Véi, dat e bei den Trapp zréckbréngt.
En huet en décke Pelz mat laangen Hoer, a gëtt, well en net aggressiv ass, vill als Familljenhond gebraucht.
D'Standardmoosse fir d'Héicht fir de Ridd sinn 53,5 bis 56 cm, a fir d'Mudder 51 à 53,5 cm. Dat normaalt Gewiicht läit tëscht 20 a 25 kg.