Haushond

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Haushond
Chihuahua an Dänesch Dogg
Chihuahua an Dänesch Dogg
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Hënn
Gattung: Canis
Aart: Wollef
Ënneraart: Haushond
Wëssenschaftlechen Numm
Canis lupus familiaris

Den Haushond (Canis lupus familiaris) ass en Haus-, Heem- an Notzdéier aus der Famill vun den Hënn an der Ënnerfamill vun den Echten Hënn.

Ofstamung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hond staamt vum gemenge groe Wollef (Canis lupus) of.

Als éischte Caniden (hondsaartege Véierbeener) oder als den direkten Urahn vun de Wëllef an den Hënn am grousse Ganzen, gëllt haut de sougenannten "Hesperocyon". Dee Véierbeener huet no geneteschen Erkenntnesser scho laang virun der Äiszäit gelieft. Rekonstruktiounen aus Schanken, Deelskeletter, Ofdréck am Buedem a Wandzeechungen hunn erginn, datt dat Déier scho quasi deeselwechte Kierperbau wéi de Wollef a méi spéit den Hond hat. Aus de Skelettrekonstruktioune goung awer och ervir, datt dee Virleefer vum haitegen Hond nach net déiselwecht Leeferqualitéiten hat wéi säin Nofolger, de Wollef.

Dee Véierbeener ass haut als de Stammpapp vun eisen Haus- a Gebrauchshënn unerkannt. Tëscht him an dem haitegen Hond steet de Wollef als éischt Mutatioun.

Wéini sech de Wollef aus dem Hesperocyon erausgebilt huet ass net méi genee festzestellen. Et gëtt awer ugeholl datt et de Wollef scho virun der Äiszäit a verschiddene Rassentype gouf, déi sech aus den Ëmstänn an den Erfuerdernesser, déi d'Ëmwelt diktéiert huet, erausentwéckelt hunn.

Den Isegrim war scho virun, a nach bis wäit iwwer d'Zäit vun der Entwécklung vum Akerbau an der Véizuucht weltwäit op alle Kontinenter dat am meeschte verbreet Raubdéier. Donieft war hien och fir de Mënsch e beléifte Fleesch- a Pelzliwerant.

Datt de Wollef an den Hond Famill mateneen sinn, kann een haut nach bei verschidden Hondsrassen, eleng scho vu baussen, feststellen; z. B. beim Samoyede, beim sibireschen Husky an dem Malamute aus Alaska (déi zwéi lescht si scho fréi virun de Schlitt gewinnt ginn), de Kanaanhond, den Akita Inu an de klassesche Schéiferhond. Déi Hondsrassen beleeën duerch hir spatz Maul, hir spatz opgeriichten Oueren, hire quadratesche Kierperbau an hir duerchschnëttlech Héicht zimlech däitlech hir Ofstamung vum (groe) Wollef.

Bis viru kuerzem gouf nach den indesche Wollef als de Stammpapp vum Haushond ugeholl. An der Tëscht konnt dunn awer dem Mupp seng direkt Ofstamung vum "gemenge groe Wollef" biologesch a genetesch nogewise ginn.

(De geneteschen Ënnerscheed tëscht dem Wollef an dem Hond (an och tëscht de Wollefsrassen u sech) läit bei 0,16-0,2 Prozent. Tëscht dem Wollef a beispillsweis dem Coyote gëtt et schonn 3,1 Prozent Ënnerscheeder.)

D'Fro no der Ofstamung huet och d'Fro nom Alter vum Hond mat sech bruecht. No leschten Erkenntnesser aus dem Skelettbau a geneteschen Ënnersich gëtt dem Hond säin Alter op 14.000 Joer geschat. Well sech déi Analysen awer nëmmen op dat Material kënne beruffen, dat bis elo fonnt gouf, ass et denkbar datt dem Hond, resp. dem Wollef säin Alter méi héich ugesat ka ginn.

Domestizéierung vum Wollef[änneren | Quelltext änneren]

Wat déi weltwäit Domestizéierung ugeet si sech d'Fuerscher sécher, datt déi net iwwerall zu därselwechter Zäit war, mä datt se sech iwwer e puer Joerdausender zäitlech dekaléiert entwéckelt huet.
Wéi et dozou koum datt de Wollef domestizéiert gouf, ass bis haut nach net genee beluecht. Et gëtt awer Iwwerleeungen an och logesch Conclusiounen - ënner anerem aus der Mythologie an der genetescher Fuerschung - datt de Kontakt tëscht Wollef a Mënsch aus der Nout gebuer gouf. Duerch den Afall vun der Äiszäit goufen dem Wollef seng Juegdrevéiere méi kleng a si plazeweis souguer ganz verschwonnen, sou datt hie sech ëmmer méi no un de Mënsch erugewot huet fir do säi Friessen ze klauen.
Et gëtt geschat datt de Wollef virun ongeféier 18.000 Joer ugefaangen huet méi zoutraulech ze ginn a sech duerch Fidderen a Versuergen lues a lues un de Mënsch gewinnt huet. Dat heescht awer net datt hien doduerch ofhängeg gouf, mä just datt sech an dësem oder deem Landstreech eng Aart "Copinage" tëscht dem Wollef an dem Mënsch entwéckelt huet. An anere Regioune gouf et guer kee Kontakt oder nëmmen a gewësse Grenzen. Déi Géigenden, an deenen de Kontakt méi enk war, schéngen haaptsächlech an de nërdleche Regioune geleeën ze hunn (z. B. Alaska, Kanada, europäesch Nordlänner, de Kaukasus, den Altai a Sibirien) souwäit déi Gebidder iwwerhaapt vu Mënsche besidelt waren.

Kräizung tëscht Wollef an Hond[änneren | Quelltext änneren]

Bis haut hu verschidde Versich Wëllef mat Hënn ze kräizen nach keng zefriddestellend Resultater erginn. Déi Baaschterten, déi aus sou Kräizungsversich ervirgoungen, si besonnesch doduerch opgefall datt se sech vis-à-vis vum Mënsch extrem schei beholl hunn an als Haushond, resp. als Hauswollef, net ze gebrauche waren. Si hu sech beim Mënsch praktesch net "heemlech" gewisen a ware quasi net ofzeriichten.

Mëschbefruchtungen a fräier Natur sinn och dacks probéiert ginn, hunn awer net méi wéi e ganz bescheident Resultat erginn. Bei deenen Experimenter si beispillsweis leefeg Hondsmudderen am Bësch un e Bam gestréckt ginn, an der Hoffnung, datt e Wollefsridd se géif decken. Dat war och heiansdo de Fall, mä d'Resultat war ni dat wat sech erhofft gouf. An deene meeschte Fäll hunn d'Wëllef d'Mudder net gedeckt, mä doud gemaach a gefriess.

Privat Experimenter si meeschtens um Onwësse vun de Leit gescheitert. Si woussten net, datt et tëscht den Hënn an de Wëllef markant Ënnerscheeder an der Fecondatiounsperiodizitéit ginn. Eng Hondsmudder ass zweemol d'Joer leefeg an de Ridd quasi d'ganzt Joer duerch. De Wollefsridd an d'Wollefsmudder sinn allebéid nëmmen eemol am Joer amstand Jonker ze maachen.

Hondstypen[änneren | Quelltext änneren]

Haushënn

De rasseschen Ënnerscheed tëscht de Gebrauchshënn gëtt an Hondstypen agedeelt:

  • Wuechthënn (z. B. aldäitsch Wuechthënn, de Collie an de Bordercollie, verschidde Schéifervarianten, verschidde Baaschterten tëscht Juegd- a Wuechthënn, Rottweiler (Metzleschhond) ...)
  • Hierdenhënn (z. B. dresséiert Baaschterten, Collie, Schéiferhënn, Rottweiler ...)
  • Dreifhënn (z. B. den iresche Wollefshond, d'Brack, den Appenzeller, de Sennenhond, de Rottweiler, verschidde Juegdhondsrassen ...)
  • Kampfhënn (z. B. fréier bei de Kelten den iresche Wollefshond a bei de Germanen d'Dogg, déi "op de Mann" dresséiert waren, mat an d'Schluecht gefouert an op de Géigner gehetzt goufen - haut, ënner anerem, den englesche Pitbull, den Dobermann, de Rottweiler an Terriervarianten. Si si vun Natur aus u sech ganz unhänglech, mënschen- an och kannerfrëndlech Hënn. Duerch massiv physesch a psychesch Mësshandlung oder duerch gezilten a manipuléiert Zuucht goufen awer ganz Stämm duerch genetesch a verhalensbedéngt Verierwung zu geféierlechen Déieren ëmkonditionnéiert. Et sief awer betount, datt déi Deformatiounen zu Lëtzebuerg net praktizéiert goufen an do gezillte Wërf nach hirem originalen Naturell entspriechen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hënn – Biller, Videoen oder Audiodateien