Benotzer Diskussioun:Ilaria1996

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien Ilaria1996,

a merci fir Ären (éischten) Artikel iwwer de Spiderman!

E puer Virschléi:

  • Kuckt, wéi en 'noramlen' Artikel opgebaut ass (Aféierungssaz, Kapiteliwwerschrëften, Wiki-Linken op wichteg Lemmata, ernimmt Titelen am Text kursiv, asw.) a baut dat esou ëm.
  • "Spiderman", "Spider-Man" oder vläit "Spider Man"? Do sollt ee sech schonns eens sinn...
  • Foussnoute fir Quellen uginn.
  • Iwwerliest en (haart) andeems der op den "-n" um Schluss vum Wuert oppasst: Gëtt en net ausgeschwat, gëtt en och net geschriwwen (cf. Eifeler Reegel).

Heidrënner Verweiser op nëtzlech Hëllefsäiten.

Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Zinneke (Diskussioun) 11:22, 21. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

Moien Ilaria1996,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Interwikien[Quelltext änneren]

Loosst w.e.g. déi Interwikilinken aus den Texter. --Les Meloures (Diskussioun) 14:22, 29. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]


War déi Informatioun net däitlech genuch??? --Les Meloures (Diskussioun) 15:03, 29. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]
Är Ännerunge goufen zréckgesat. Soulaang wéi Dir et net fäerdegbréngt fir Informatiounen derbäizesetzen ouni korrekten Text ze zerstéieren, wäert dat ëmmer nees gemaach ginn. Wann dat ze dacks geschitt, da kann äre Konnt gespaart ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:53, 30. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]
Är Ännerunge goufen nach eng Kéier zréckgesat well der schonn nees korrekt Linken ewechgeholl hutt. Et ass Iech anscheinend näischt bäizebréngen. Wann dat lo nach eng Kéier geschitt, da gëtt äre Konnt gespaart. Et géif een net mengen datt ee mat Universitären ze dinn huet. --Les Meloures (Diskussioun) 13:53, 30. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]
vläicht muss ee méi pädagogesch sinn, an explizéieren firwat Saachen geännert ginn. An eng vun den ongeschriwwenen Reegelen ob Wikipedia schéngt mer ze sinn, datt d'Persoun net ugegraff well se al oder jonk, déck oder dënn, Mann oder Fra, universitär oder net universitär ass. Corto lu (Diskussioun) 17:17, 31. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]