Benotzer Diskussioun:Jean-marie~lbwiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien Jean-marie~lbwiki,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Les Meloures 21:21, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


Äntwert op Är Fro um Stamminet[Quelltext änneren]

Hei, wat ech Iech um "Stamminet" g'äntwert hunn:

Moien Här Biwer, villmools Merci fir Ären Intressi! Dat hei ass schonns déi richteg Säit, fir dëst Thema ze beschwätzen.

Fir d'éischt emol zum Thema "Reklamm an net": D'Wikipedia versicht, eng neutral an objektiv ("enzyklopedesch") Approche zu den Themen ze hunn, déi beschriwwe ginn. Ee Critère ass d'Relevanz: Bei Kënschtler ass d'Linn tëschent Hobbymoler, talentéierte Fräizäitkënschtler a Fräischaffenden net ëmmer liicht ze zéien. Bei deene Leit awer, déi Dir opgezielt hutt (Iech abegraff) ass et jo esou, dass déi sech duerchaus "en Numm" an hirem Domaine gemaach hunn, dofir gesinn ech kee Probleem, dass et iwwert si hei en Artikel gëtt. Dat zweet ass, wat dodra kënnt. Dir schreift selwer, dass der dat Ganzt "objektiv an sou kuerz wéi méiglech" hale wéilt. Ma genee sou soll et sinn ;-)! E biographeschen Artikel soll en neutralen a konzisen Iwwerbléck iwwert eng Persoun ginn an dat, wat se mécht oder gemaach huet, firwat se an engem enzyklopedeschen Artikel steet.

Zu de Fotoen a Biller: Senge Grënnungsprinzipen no ass d'Wikipedia eng "fräi" Enzyklopedie, d.h., datt d'Mataarbechter d'Rechter op dat, wat se publizéieren, der "Allgemengheet" oftrieden. Bei Fotoe bedeit dat, dass dës entweder schonn am 'Public domain' solle sinn, oder awer vun deem, dee se gemaach huet, eng fräi Lizenz kréien (déi Gängest ass 'Creative Commons Share alike Author Namend', d.h. et dierf jidderee se weider gebrauchen, mee net ënner enger "manner fräier" Lizenz, an den Auteur muss ëmmer ernimmt ginn). Wann Der der do hätt (z.B., déi Dir selwer vun anere Leit gemaach hutt), an Der bereet sitt, déi ënnert deene Bedingungen op der Wikipedia ze publizéieren (déi Leit drop natierlech och), wier dat natierlech méi wéi wëllkomm. Falls Der Probleemer oder Froen hätt, kritt der gär vun engem, dee grad hei online ass, gehollef.

Zum Lëtzebuergesch-Schreiwen: Bal jiddereen ass an Ärem Fall, well d'Ëmstänn sinn, wéi se sinn, mee weider keen Drama, a sollt sécher keen Hënnerungsgrond sinn, ze schreiwen. Och hei kritt Der gär vun engem anere Matschreiwert ënnert d'Äerm gegraff (well d'Prinzip vun der Wikipedia ass jo, dass jiddereen, deen eppes bäidroe kann, dat och maache kann). Mat der Zäit gesäit een dann, wat verbessert gouf, an da kann een déi gängest "Feeler" liicht vermeiden. Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Zinneke 14:34, 16. Feb. 2009 (UTC)

Vun „http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:De_Stamminet“

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt[Quelltext änneren]

03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt[Quelltext änneren]

09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)