Benotzer Diskussioun:Marcus~lbwiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Archiv1

Ech hat vidru schonn geäntwert, mä ech sinn dauerend erausgeflunnn mat esou engem komesche Message, ech mengen de Server spënnt erëm.

Déi Saach mat de Viren: ech giff soen dass du doranner am beschte Bescheed wees, dofir loossen ech dir d'Enscheedung. Mat Viren kennen ech mech guer net aus, ausser dass et besser ass keen ze erwëchen :-)

Mir kënnen Tabell och ganz ewech lossen, oder d'Propos mat der Virefamill, Viregattung wier fir mech och ok.

--Alexandra 10:35, 17 Februar 2006 (UTC)


Ech hunn elo di puer Saachen bei de Vire geännert, ass dat ok esou fir dech ? --Alexandra 12:39, 27 Februar 2006 (UTC)

OK :-) --Alexandra 15:24, 27 Februar 2006 (UTC)

Gr. a Lat.[Quelltext änneren]

Salut Marcus, kanns du (oder hues du Notioune vun) Latäin a Griichesch, wa jo, da bewonneren ech dat. Da kéints de mer jo mol heiansdo op d'Fangere klappe wann ech eppes op griichesch


eriwwer kopéiere wat net richteg ass (ech huelen unn dat déi gr. Iwwersetzunge vun de Nimm vun de Gëtter wuel nach OK ass, mee op d'Bedeitung vum Numm ëmmer esou richteg ass, do hunn ech keng Ahnung: z.B. beim Persephone als "déi déi d'Liicht zerstéiert"? Myriam 23:21, 23 Februar 2006 (UTC)

Lat. jo, gr. nujee, mee ech kucke mer déi Saachen meeschtens un a wann eppes mech géif schockéieren, hues de jo secher schonns gemierkt datt ech mech dann net zereckhaalen --Marcus 07:49, 24 Februar 2006 (UTC)

Mail do. --Tomateus 16:59, 25 Februar 2006 (UTC)


Washington[Quelltext änneren]

Du hues Recht, mea culpa,ech hu mech bei dëse Fotoen, dài 1980 gegoll si ginn, geiirt. ech änneren dat. --ernmuhl 09:34, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Merci fir deng Observatioun zu Image:Washington10.jpg. Ech hun et an der Beschreiwung geännert. --ernmuhl 10:12, 5 Mäerz 2006 (UTC)

Wow du hues jo sprochlesch eng richteg lass :-) --Alexandra 14:41, 8 Mäerz 2006 (UTC)

merci, mee dat war méi en Test fir d'Babelkëscht, dofir steet et just op der Talksäit, ech sinn nach um iwwerleeën op dat richteg ass, mee et ass schwéier déi Saach ze standardiséieren, mol kucken --Marcus 14:49, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Wéi d'Zäit vergeet[Quelltext änneren]

Déi éischt Wahlmanipulatioune fänke fréi un :-)) --Cornischong 21:58, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Onbedeitend Baachen[Quelltext änneren]

Meng Äntwert op deng Fro.

Ech baséiere mech op déi offiziell Lëtzebuerger topographesch Kaart. Wann hei eng Baach agezéchent ass an et steet och nach e Numm derbäi, dann ass et fir mech eng richteg Baach. Wann awer eng Baach gestréchelt duergestallt gëtt, da bedeit dat: "cours d'eau temporaire", also eng Baach déi z.B. nëmme Waasser féiert wann et vill reent. Wann dës "temporär" Baach dann och nach kee Numm huet (op der Kaart), dann ass se fir mech onbedeitend. Ech sinn awer iwwerzeegt dass et vill esou Baache gëtt déi trotzdem e Numm hunn, och wann e nët op der Topo-Kaart steet. Wann esou Fäll bekannt sinn, kënnen se ouni Problemer vun all Wiki-User verbessert ginn. Dat ass jo grad de Viirdeel vun eiser "opener" Wiki. --Pecalux 09:31, 18 Mäerz 2006 (UTC)

Kierchentabell a Gallerien[Quelltext änneren]

Sali.

D'Tabell geet nach net iwwerall well se nach net iwwerall agebaut ass, mee ech sinn amgaangen. Zu de Gallerien: Dat ass fir mech eng Iwwergangsléisung, well d'Biller den Artikel soss wierklech erdrécken, wann deen am moment nëmmen aus 3 Zeile besteet. Soubal den Artikel méi Form huet, ging ech se souwisou wéi am Artikel Benediktinerabtei St. Matthias (Tréier) einfach ganz normal abauen. Un der gréisst vun den Thumbnails kann ee beim Gallery-Skript leider nix änneren, deen ass esou vun de "Bigbosse" programméiert. --Briséisβρισεισ 16:10, 22 Mäerz 2006 (UTC)

EnCours-Kescht[Quelltext änneren]

Ech hunn se geännert well se net ganz richteg war ... an esou funktionnéiert se! Kuck emol bei Waasser .. Salut JayCeeH 20:21, 23 Mäerz 2006 (UTC)

am Fong sollt se zwar op d'Diskussiounssäit vum User féieren, mee esou ass ee jo dann och schonns nobäi--Marcus 20:23, 23 Mäerz 2006 (UTC)
Tja, ech hunn esou zimmlech alles probéiert fir direkt op dem User seng Diskussiounssäit ze kommen, awer dat klappt net. Elo huet een zumindest de User do stoen - wann een agett:
{{EnCours¦~~~}}
... JayCeeH 07:53, 24 Mäerz 2006 (UTC)

Gezwibbeltes[Quelltext änneren]

Wann s de dräimol Zwibbel oder Zwiwwel hanerenee sees, kënnt dat der och bosseg vir. Eise groussen Dicionnaire zielt mer, datt Ënn "dat" Wuert fir "Zwiebel" ass. D'Zwiw(w)el kënnt vum Ostrand, also vun der Mousel an Zwibbel aus dem Trëntengerdall. Wou ass de Problem? Bei den Tulpen"knuppen", déi heesche "Knollen". Mee ech hunn dat Gezwibwels schonns dacks um $%£&sender héieren. Hoffentlech daucht elo net nees een op bei deem se Zwawwel oder Zwobbel soen. --Cornischong 16:32, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hunn näischt dergéint. Ech hunn sat och lo festgestallt, wéi ech Guernsey an der däitscher Wikipedia gesicht hunn. Ech ginn dervun aus, dass DSu dann Guernsey op déi richteg Plaz rëckels. Merci. --ernmuhl 17:08, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Borromäerinnen[Quelltext änneren]

Merci fir d'Beléierung vun engem Fachmann. Ech bleiwen trotzdeem derbäi: Wann an der Wiki en Artikel iwwer Borromäerinnen steet, da soll och all Kongregatioun, souwäit méiglech, vu Borromäerinnen ernimmt ginn. Ech wees dass daat nët einfach ass. -- Pecalux 16:21, 31 Mäerz 2006 (UTC)

Zu dem Bild Image:Tounemfang flütt.png wat vun Iech eropgeluede gouf, feelen déi néideg korrekt Informatiounen iwwer d'Source, den Auteur an/oder d'Lizenz, ënner där d'Bild verëffentlecht gouf. Wann dës Informatiounen net vollstänneg an novollzéibar nogereecht ginn, da muss dëst Bild leider geläscht ginn. Dofir biede mer Iech, dat sou séier wéi méiglech ze maachen.
Soulaang déi noutwänneg Informatioune feelen, däerf d'Bild net an Artikele benotzt ginn.

--Briséisβρισεισ 10:21, 3 Juni 2006 (UTC)

Mail do Les Meloures 09:14, 5 September 2006 (UTC)

Kräizwee Mutfert[Quelltext änneren]

Salut Marcus. Dat ass gutt, wéi s du dat gemaach hues. De Problem war mäin direkte Blëtz, ech hat mäi Stativ vergiess. --Pear 11:06, 5 September 2006 (UTC)

Image:Trinitéit.png[Quelltext änneren]

Your image Image:Trinitéit.png is visually nice, but the data is uncompressed, so that the image is ten times greater in filesize than it needs to be. I tried replacing it with a compressed version (31,532 bytes), but it wouldn't let me upload. -- en:User:AnonMoos 14:36, 25 Oktober 2006 (UTC)


Salut: Kuck do Image talk:Schema Altor.jpg

Les Meloures 10:47, 9 Oktober 2007 (UTC)

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt[Quelltext änneren]

03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt[Quelltext änneren]

09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)