Benotzer Diskussioun:Sputnik one
|
--Pecalux 11:01, 13. Mäe. 2009 (UTC)
Fichier:Etienne1.jpg[Quelltext änneren]
Moien, beim Bild Fichier:Etienne1.jpg, dat s d'eropgelueden hues, steet zwar den Numm vum Fotograf, mee keng Lizenz. Well d'Wikipedia eng "fräi" Enzyklopedie ass, muss alles aussrécklech ënner fräier Lizenz do stoen. Am heite Fall: wann s du den Auteur vun der Foto bass, da kanns d'eng fräi Lizenz eraussichen an op der Billersäit derbäisetzen; recommandéiert ass Bild-CC-by-sa. Wann net, muss de den Numm vum Fotograf dohi schreiwen (virausgesat natierlech, dat ass de Fall) an ausdrécklech uginn, datt hie mat enger Publikatioun op der Wikipedia ënner fräier Lizenz averstanen ass. Stillschweigend virausgesat gëtt, datt de Sujet vun der Foto och mat esou enger Publikatioun averstanen ass. Dat alles ass nozeliesen op der "Eroplueden"-Säit. Wann eppes net kloer ass, zéck net, ze froen!
--Zinneke 14:00, 18. Jun. 2009 (UTC)
Moien, ech gesinn, du hues de Fotograf ernimmt. Et feelt allerdings nach ëmmer d'Lizenz (d.h. seng Erlaabnis, dass jiddereen d'Bild fräi benotze kann, ënner der Conditioun, dass hien als Auteur an d'Lizenz (déi fräi bleiwe muss) ernimmt muss ginn). Ass dat de Fall, schreif wegl {{Bild-CC-by-sa}} op d'Bildsäit derbäi. Biller ouni Lizenz dierfen nämlech op der Wikipedia net stoe bleiwen. --Zinneke 09:43, 19. Jun. 2009 (UTC)
Fichier:JMMartin Linster2.jpg[Quelltext änneren]
Moie Sputnik, och eng Fro zu deem Bild: Kanns du konfirméieren, datt den Här Martin d'Rechter op deem Bild fräi ginn huet, a mat enger CC-BY-SA-Lizenz averstanen ass? Falls jo, schreif dat w.egl. op d'Bildsäit an den Text derbäi (z.B. esou: "De User:Sputnik One krut vum Auteur bestätegt, dass hien mat der CC-BY-SA-Lizenz d'accord ass".) Wann net, dann dierfs d'em och keng esou eng Lizenz ginn, an d'Bild muss eraus (wat schued wier). --Zinneke 13:51, 4. Sep. 2009 (UTC)
- Perfekt, merci! --Zinneke 00:02, 5. Sep. 2009 (UTC)