Benotzer Diskussioun:Sputnik one

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien Sputnik one,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Pecalux 11:01, 13. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Fichier:Etienne1.jpg[Quelltext änneren]

Moien, beim Bild Fichier:Etienne1.jpg, dat s d'eropgelueden hues, steet zwar den Numm vum Fotograf, mee keng Lizenz. Well d'Wikipedia eng "fräi" Enzyklopedie ass, muss alles aussrécklech ënner fräier Lizenz do stoen. Am heite Fall: wann s du den Auteur vun der Foto bass, da kanns d'eng fräi Lizenz eraussichen an op der Billersäit derbäisetzen; recommandéiert ass Bild-CC-by-sa. Wann net, muss de den Numm vum Fotograf dohi schreiwen (virausgesat natierlech, dat ass de Fall) an ausdrécklech uginn, datt hie mat enger Publikatioun op der Wikipedia ënner fräier Lizenz averstanen ass. Stillschweigend virausgesat gëtt, datt de Sujet vun der Foto och mat esou enger Publikatioun averstanen ass. Dat alles ass nozeliesen op der "Eroplueden"-Säit. Wann eppes net kloer ass, zéck net, ze froen!

--Zinneke 14:00, 18. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, ech gesinn, du hues de Fotograf ernimmt. Et feelt allerdings nach ëmmer d'Lizenz (d.h. seng Erlaabnis, dass jiddereen d'Bild fräi benotze kann, ënner der Conditioun, dass hien als Auteur an d'Lizenz (déi fräi bleiwe muss) ernimmt muss ginn). Ass dat de Fall, schreif wegl {{Bild-CC-by-sa}} op d'Bildsäit derbäi. Biller ouni Lizenz dierfen nämlech op der Wikipedia net stoe bleiwen. --Zinneke 09:43, 19. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Fichier:JMMartin Linster2.jpg[Quelltext änneren]

Moie Sputnik, och eng Fro zu deem Bild: Kanns du konfirméieren, datt den Här Martin d'Rechter op deem Bild fräi ginn huet, a mat enger CC-BY-SA-Lizenz averstanen ass? Falls jo, schreif dat w.egl. op d'Bildsäit an den Text derbäi (z.B. esou: "De User:Sputnik One krut vum Auteur bestätegt, dass hien mat der CC-BY-SA-Lizenz d'accord ass".) Wann net, dann dierfs d'em och keng esou eng Lizenz ginn, an d'Bild muss eraus (wat schued wier). --Zinneke 13:51, 4. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Perfekt, merci! --Zinneke 00:02, 5. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]