Bikini-Atoll

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bikini-Atoll

De Bikini-Atoll géhéiert zu de Marshallinselen. D'Vereenegt Staate vun Amerika hunn do vum 1. Juli 1946 un Atomtester gemaach ënner dem Numm Operatioun Crossroads.

Vum 7. Mäerz 1946 un ass d'Bevëlkerung vu Bikini op den Rongerik Atoll ausgesidelt ginn. Et sinn iwwer 20 Essaië mat A-Bommen an H-Bomme gemaach ginn.

De Fändel[änneren | Quelltext änneren]

Déi 23 wäiss Stären am bloe Feld representéieren déi 23 Insele vum Atoll. Déi 3 schwaarz riets uewe sti fir déi 3 Inselen déi duerch den Atomtest vum 1. Mäerz 1954 vun der Äerduewerfläch verschwonn sinn (duerch eng Waasserstoffbomm vu 15 Megatonnen; Codenumm "Bravo").

Déi zwee schwaarz Stäre riets ënnen representéieren déi zwou Inselen op deenen d'Bikinianer elo liewen: d'Kili-Insel, 425 Meile südlech vum Bikini-Atoll, an d'Ejit-Insel vum Majuro-Atoll. Déi zwee Stäre si symbolesch wäit ewech vun de "Bikini-Stären" fir duerzestellen datt dës Inselen souwuel an der Distanz wéi och an der Liewensqualitéit wäit vunenee leien, wéi Bikinianer op hirer Websäit schreiwen.

Champignon vun der Bakerexplosioun, fënneft Atomexplosion op der Welt de 26. Juli 1946 um 8h35 lokal Zéit

De Saz deen an der Sprooch vun de Marshall-Insele geschriwwen ass: "MEN OTEMJEJ REJ ILO BEIN ANIJ", Alles ass a Gottes Hand, sinn d'Wierder déi de Juda, de Representant vun de Bikinianer, 1946 zum US-Kommodore Ben Wyatt gesot huet, deen op Bikini komm ass fir d'Leit ze froen d'Inselen opzeginn an z'evakuéieren fir datt d'USA kéinten hir Atomtester duerchféiere fir "d'Wuel vun der ganzer Mënschheet".

D'Ähnlechkeet mam amerikanesche Fändel soll d'Leit an d'Regierung vun den USA drun erënneren datt si ëmmer nach eng grouss Schold vis-à-vis vun de Bikinianer hunn.

De Bikini[änneren | Quelltext änneren]

Den Atoll huet dem Kleedungsstéck Bikini säin Numm ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bikini-Atoll – Biller, Videoen oder Audiodateien