Blaise Pascal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Blaise Pascal

De Blaise Pascal, gebuer den 19. Juni 1623 zu Clermont-Ferrand a gestuerwen den 19. August 1662 zu Paräis, war e franséische Philosoph an Naturwëssenschaftler.

De Blaise Pascal gouf schonn als Kand als mathematescht Genie betruecht.

Hien huet a jonke Joren eng Rechemaschinn entworf an hien huet 1647 d'Gesetz vun de kommunizéierende Réier entdeckt.

Hien ass op d'Iddi komm fir de Barometer ze benotzen fir d'Héichtemeter (iwwert dem Mier) vun enger Plaz ze bestëmmen.

De Pascal an den Transport [änneren]

Eng manner bekannt Erfindung déi him zougeschriwwe gëtt, war d'Installatioun vu regelméissegen urbanen Transportverbindunge mat Kutschen.

Hien ass am Alter vun 39 Joer am Klouschter Port-Royal gestuerwen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Blaise Pascal – Biller, Videoen oder Audiodateien