Bob van Asperen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Bob van Asperen gebuer den 8. Oktober 1947 zu Amsterdam, ass en hollänneschen Cembalist, Organist an Dirigent.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium ënner dem Gustav Leonhardt um Conservatoire zu Amsterdam huet de Bob van Asperen eng international Concertscarrière ugefaangen. Hie war Member vun den Ensemblen Quadro Hotteterre a La Petite Bande a Grënner vu Melante 81. 1988 gouf en zum Professer um Sweelinck-Conservatoire zu Amsterdam beruff.

Repertoire[änneren | Quelltext änneren]

De van Asperen huet Wierker vum Johann Sebastian Bach a vun den hollännesche Komponiste Sybrandus van Noordt, Cornelius Thymenszoon Padbrué a Jan Pieterszoon Sweelinck rekonstruéiert.