Bossa nova

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

D'Bossa nova ass e südamerikanesche Museksstil an Danzstil, deen 1958 aus enger Mëschung tëschent der Samba an dem Jazz zu Rio de Janeiro a Brasilien entstanen ass.

Stilistesch baut d'Bossa nova engersäits op klassesch Harmonien op, anerersäits op verjazzte Sambarhythmen, sou datt eng méi roueg, méi intellektuell Musek entstanen ass, déi sech kloer vun der Karnavalsamba a vun de südamerikanesche Balladen ofhieft.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Dräi Museker sti Papp vun dësem "neien Déngen" (dat bedeit Bossa nova op Brasilianesch): de Gittarist João Gilberto, de Pianist Tom Jobim[1] an den Dichter Vinícius de Moraes[2]. Am August 1958 koum den Album "Chega de Saudade" eraus, op deem de João Gilberto Kompositioune vum Tom Jobim a vum Vinicius de Moraes interpretéiert an der Welt d'Bossa nova presentéiert.

1959 huet de Marcel Camus dozou bäigedroen, d'Bossa nova weltwäit bekannt ze maachen duerch de Succès vu sengem Film Orfeu Negro[3], an deem d'Bossa nova-Lidd Felicidade eent vun den Haaptlidder vum Film war.

[änneren] Bossa nova lauschteren

Video.svgz.png 1959 - Trailer vum Film Orfeu Negro (mat dem Lidd Felicidade) op youtube.com
Video.svgz.png Tom Jobim & Joao Gilberto : Desafinado op youtube.com
Video.svgz.png 1964 - Stan Getz & Astrud Gilberto : The Girl From Ipanema op youtube.com
Video.svgz.png Tom Jobim & Joao Gilberto : The Girl From Ipanema op youtube.com
Video.svgz.png Joao Gilberto & Caetano Veloso : The Girl From Ipanema (Garota de Ipanema) op youtube.com
Video.svgz.png Stan Getz & Astrud Gilberto : Corcovado op youtube.com
Video.svgz.png 1963 - Stan Getz & Joao Gilberto : Corcovado op youtube.com


[änneren] Bekannte Bossa nova-Interpreten


[änneren] Referenzen

  1. Den Antônio Carlos Jobim gouf Tom Jobim genannt, portugisech ausgeschwat: "Ton" Jobim. D'Bedeitung vun deem Museker fir Brasilien weist sech dorunner, datt den internationale Fluchhafe vu Rio de Janeiro / Galeão no him genannt gouf: Antônio Carlos Jobim International Airport
  2. De Vinícius de Moraes war zënter 1943 och Diplomat, 1946 gouf hie Vize-Konsul zu Los Angeles.
  3. Orfeu Negro krut d'Palme d'or um Festival International du Film de Cannes a war eng franséisch-italienesch-brasilianesch Koproduktion.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Bossa nova – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen