Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise

Vu Wikipedia

"Bulletin de la Société préhistorique luxembourgeoise" ass den Numm vun enger wëssenschaftlecher Publikatiounsserie, déi d'Société préhistorique luxembourgeoise erausgëtt.

Dës Serie verëffentlecht d'Resultater vu Fuerschungsaarbechten am Beräich vun der Virgeschicht a vun der Protogeschicht zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.

D'Bänn vun der Serie kommen onreegelméisseg eraus. Bis Enn 2019 si 40 Bänn erauskomm.