Burbich

Vu Wikipedia
Burbich
Längt 3.150 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäinbaseng
Originn
Originn Zesummelaf vun 2 Grief
Plaz Ueschdref
op Rimmel
Héicht 448.5 m
Koordinaten 49° 50’ 49.0’’ N
      05° 50’ 00.6’’ O
Konfluenz
Leeft an Lameschbaach
Plaz Ueschdrëffer Millen
Héicht 391.3
Koordinaten 49° 51’ 48.9’’ N
      05° 51’ 26.6’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Éislek
Uertschaften Ueschdref

D'Burbich ass eng Baach am Éislek an der Gemeng Rammerech.

Si entsteet um Flouer Rimmel op enger Héicht vu 448,5 Meter aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen ouni Numm, eng ronn 800 Meter nërdlech vu Kietscht.

Vun do fléisst s'an nordëstlecher Richtung an hëlt ënnerwee d'Brébich mat virun, fir da laanscht Bilschdref an Ueschdref bis op Ueschdrëffer Millen ze lafen, wou s'op 391.3 Meter, mat der Lameschbaach zesummefléisst fir d'Ueschdrëffer Baach ze bilden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]