Cabo de São Vicente
| Dëse Geographiesartikel zu Portugal ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Cabo de São Vicente bei Sagres an der Algarve a Portugal, stellt zesumme mat Ponta de Sagres, an der Noperschaft, d'Südwestspëtzt vum euopäesche Festland duer. Eng géi Fielsmauer, 59 m héich, trennt d'Land do vum Atlantik. Eng moer Vegetatioun ouni Beem characteriséiert d'Landschaft.
De Cabo de São Vicente ass zënter dem Neolithikum eng helleg Plaz. An der Antik war hien dem Saturn geweit. D'Chrëschten hunn dës Traditioun virugefouert andeems se de leschte Punkt vum europäesche Festland nom Hellege Vinzens genannt hunn.
Um Cabo de São Vicente trount e Liichttuerm, deem säi Liichtschäi bis zu 90 km iwwer den Atlantik reecht, an domatt dee Liichttuerm an Europa ass, deen am wäitsten ze gesinn ass. Dës Landschaft ass vun Touristen, déi meeschtens mat Busse kommen, staark besicht. D'Géigend ass net ongeféierlech, well do déidlech Accidenter vun Touristen a Fëscher, déi do eroffalen, heefeg sinn. Och d'Schëffer huelen do hir Precautiounen a maachen e grousse Bou ëm d'Fielsen vum Cabo de São Vicente.
De Cabo de São Vicente ass e beléiften Depart repektiv Zil vu Wanderweeër, z. B. déi Europäesch Wäitwanderweeër E3, E4 an E9.
[änneren] Kuckeswäertes
- Fortaleza de Sagres, eng Festung direkt niewendrunn geleeën.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- E Reesebericht mat Fotoen iwwert de Cabo de São Vicente
- Beschreiwung a Fotoen vun der Fortaleza de Sagres, op engl.
- Online-Guide vun der Algarve, op däitsch
[änneren] Galerie
| Commons: Cabo de São Vicente Lighthouse – Biller, Videoen oder Audiodateien |