Cantons de l'Est (Belsch)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vun de belschen Ostkantonen
Grenzverännerunge vun Eupen-Malmedy tëscht 1920 an 1945

D'Cantons de l'Est (oder Ostkantonen) an der Belsch setze sech zesummen aus de Gemenge vum fréiere preisesche Krees Eupen-Malmedy an Neutral-Moresnet, haut La Calamine, déi am Kader vum Traité vu Versailles als Krichsentschiedegung un d'Belsch ofgetratt goufen. An der Transitiounsperiod déi bis 1925 gedauert huet, ënnerstoungen déi Territoiren engem Generalgouverneur, dem Herrman Baltia, deen dofir huet misse suergen, datt all d'Klausele vum Vertrag korrekt sollten ausgefouert ginn. Dozou huet ënner anerem e Referendum gehéiert, an deem d'Awunner soe konnte wat fir eng Nationalitéit se wéilten. Unhand vun deem Resultat sollt d'Société des Nations decidéieren, op d'Territoiren definitiv belsch géifen oder net. D'Belsch hat sech engagéiert déi Decisioun ze respektéieren. (Artikel 34 vum Traité).

Eng Verhandlung 1925 tëscht der belscher an der däitscher Regierung, iwwer ee Réckkaf vun deene Kantonen, gouf vun de Fransouse blockéiert, well déi drop bestanen hunn, datt näischt um Traité vu Versailles sollt geännert ginn.

Am Ufank hunn d'Gemengen zu dräi Kantone gehéiert: Eupen, Malmedy a Sankt Vith.

E provisoresche Bistum, Eupen-Malmedy, gouf 1921 ageriicht, no enger Polemik, déi zu enger Ausernanersetzung vum Hellege Stull mat dem belsche Primat gefouert hat. De Sëtz vum Bistum war Malmedy, dat vun do un eng Kathedral huet. Vun 1925 u goufen d'Pare vun den Ostkantonen un de Bistum Léck ugeschloss.

Bei der belscher Gemengereform vun 1977 hunn d'Gemengen an den Ost-Kantone grad sou wéi déi vum Rescht vun der Belsch fusionéiert, sou datt d'Zuel vun de Gemenge vun 31 op 11 erofgaangen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anton Hecking, Geschichte der Stadt und ehemaligen Herrschaft St. Vith ; 1875; 250 Säiten; Nodrock -> Bréissel, Éditions Culture et Civilisation.
  • Sankt Vith und sein Umland ; erausgi vum 'Crédit communal de Belgique', Bréissel, 1993; 61 Säiten (ill.).
  • Johann Gerhard Heinen, Pfarrgeschichte Eupens ; 1896; 330 Säiten; Nodrock -> Bréissel, Éditions Culture et Civilisation.
  • Hans Van Werveke, La Belgique et Eupen-Malmedy - Où en sommes-nous? ; Bréissel, 1937.
  • Heinrich Cremer, 150 Jahre landwirtschaftliche Vereine und Genossenschaften in Eupen-Malmedy-St. Vith ; Eupen, 1994.
  • Bruno Kartheuser, Die 30er Jahre in Eupen-Malmedy - Einblick in das Netzwerk der reichsdeutschen Subversion ; Sankt Väit, Verlag Krautgarten, 2001.
  • Martin Schaerer, Deutsche Annexionspolitik im Westen. Die Wiedereingliederung Eupen-Malmedys im Zweiten Weltkrieg ; Bern & Frankfurt a.M., 1975.
  • Kurt Fagnoul, Streiflichter auf das Kriegsgeschehen im Sankt Vither Land ; in: Beiträge zur Geschichte des Zweiten Weltkrieges , Heft Nr. 7 - Abrëll 1982; 28 Säiten; erausgi vum Zentrum für geschichtliche Forschung und Studien des Zweiten Weltkrieges (Ministerium für Nationale Erziehung & Generalarchiv des Königreiches).
  • Kurt Fagnoul, Die annulierte Annexion - Vom Wiener Kongress bis zum Ende Bolleniens ; Sankt Väit, Aktuell-Verlag, 1985; 228 Säiten (ill.).
  • Christoph Brüll, Die deutschsprachigen Einheiten in der belgischen Armee zwischen den beiden Weltkriegen ; 'ZVS-Schriftenreihe', Sankt Väit, 2004.
  • Robert Heck, Von deserteuren in Eupen-Malmedy - Motivation und Hintergründe im annektierten Ostbelgien; 10. Mai 1940: Als Fallschirmjäger am Albert-Kanal; Rehabilitierung ; Eupen (GEV / Grenz-Echo Verlag), 2010; 160 Säiten (ill., Bibliogr.); ISBN 978-3-86712-042-5