Caprera

Vu Wikipedia
De Musée Garibaldi op Caprera

Caprera ass eng italieenesch Insel am Norde vu Sardinien déi zu der Gemeng an Inselgrupp La Maddalena gehéiert. Et ass eng vun de siwen Insele vun deem Archipel, no un der Strooss vu Bonifacio.

D'Insel ass ronn 15.5 km² grouss an ass haaptsächlech e Naturschutzgebitt fir Séivullen, wéi Méiwen a Kormoranen. Et ass awer och e Bruttgebitt fir Wanderfalleken.

Si ass mat der Insel La Maddalena duerch e 600 Meter laangen Damm verbonnen.

De Garibaldi hat Caprera kaaft. Hien huet vun 1855 un op der Insel gelieft an ass och do 1882 gestuerwen. A sengem Haus ass elo e Musée an eng Kapell.

Déi ganz Insel ass ausserdeem zum Nationalmonument deklaréiert ginn.

Den Numm Caprera kënnt dohier well vill well Gänsen op der Insel liewen. Capra ass den italieeneschen Numm fir d'Gäns.

2007 war op Caprera den Depart vun der éischter Etapp vum Giro d'Italia

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Caprera – Biller, Videoen oder Audiodateien