Charles-André Engel

Vu Wikipedia
Charles-André Engel

De Charles-André Engel, gebuer den 19. Juni 1849 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 17. Februar 1900, war e lëtzebuergesche Journalist.[1]

De Charles-André Engel war am Fong Affekot[Source?]. 1850 huet hien, am Virfeld vun de Legislativwalen, d'Wocheblat Der Volkswille an d'Bliedchen Der Wähler redigéiert. Dono war hie bei allen Zäitschrëfte derbäi, déi beim Jean Joris gedréckt goufen, dorënner Der Arbeiter an de Luxemburger Volksbote (wouvun hien och de Chefredakter war). 1882 huet hie selwer Die Zukunft a La Poste erausginn. Vun 1883 bis 1884 hat hien d'Leedung vun der Indépendance luxembourgeoise, vun 1884 bis 1887, zesumme mam Jean-Nicolas Moes war hie Redakter vun Das Freie Wort an dono, och mam Moes, vun der Nofollgerpublikatioun Luxemburger freie Presse (1887-1895)[2].

Vun 1890 bis 1898 huet hien, zesumme mam Charles Munchen, dem Émile Servais an deem sengem Brudder, dem Charles Servais, Das Echo gegrënnt (vun 1891 un L'Echo), déi ufanks als Dageszeitung, zum Schluss just nach als Wochenzeitung erauskoum[3].

1890 war hien ausserdeem Mataarbechter vun Acclimatation - Organ für Naturkenntinsse und kulturellen Fortschritt, vun der Wielerzeitung Der Luxemburger, vun der Aarbechterzeitung Luxemburger Central-Arbeiter-Verein, déi eemol de Mount erauskoum, a vun e puer Nummere vun Geist und Schöpfung.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.58.
  2. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004, Service information et presse du gouvernement luxembourgeois, 2004, S.114 (Link op d'pdf-Dokument).
  3. "Emile Servais". Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 20, p. 592-607. luxemburgensia.bnl.lu.