Charles Bettendorf

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Charles Bettendorf, 1910

De Charles Bettendorf, gebuer den 10. August 1863 a gestuerwen den 30. Januar 1929, war e lëtzebuergeschen Industriellen.

1896 war hien ee vun de Grënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange [1]. Aner Engagementer waren ë. a. d'Bauindustrie an d'Munnerefer Mineralwaasser. Verschidden Jugendstilhaiser an der Biederstroos zu Munneref goufe vun him gebaut.

Erënnerungsplack un déi éischt "semaine d'aviation", 1910 zu Munneref

De Charles Bettendorf huet 1910, vum 5. bis den 12. Juni, d'"Semaine d'aviation de Mondorf" op senger Proprietéit zu Munneref organiséiert. Hie war de Besëtzer vum éischte Fliger deen zu Lëtzebuerg geflunn ass. Dësen Doppeldecker, vum Gabriel Voisin gebaut a mat engem Antoinette-Motor equipéiert, gouf 1909 an der Villa Louvigny ausgestallt an huet um Concours zu Munneref deelgeholl.

Literatur [änneren]

Referenzen [änneren]